
© Op der Lay
8 Mënschen, 8 Geschichten, sou verschidde wéi se nëmme kënne sinn. "Chamäleons" ass e Band mat Kuerzgeschichten, fir den d'Anja Di Bartolomeo 2017 de nationale Literaturconcours gewonnen huet. D'Bea Kneip huet sech mat hir ënnerhalen.
Chamäleons wechseln die Farbe um sich zu tarnen. Der Farbwechsel ist zudem ein Stimmungsausdruck - eine Reaktion auf Artgenossen, Licht und Wärme. Kranke Chamäleons leuchten nur schwach.
Besonders schnell wechseln Chamäleons die Farbe in Gefahrensituationen. Da sie ein Leben lang wachsen, müssen sie sich regelmäßig häuten. Verläuft die Häutung schlecht, geht es dem Tier nicht gut.
Manche Arten verfallen bei einer Bedrohung in Thanatose.
Chamäleons gelten als Einzelgänger.
Eenzelgänger sinn och der Anja Di Bartolomeo hir Personnagen. Si wëssen am Fong wat si wëllen, dat heescht awer net, dass et hinne geléngt sech duerchzesetzen. Dobäi sinn déi Situatiounen an déi si geroden emol guer net aussergewéinlech, ganz am Géigendeel. De Konstantin plënnert just an en anere Büro, den en elo ganz fir sech alleng huet. Mä domat fänkt e lues a lues un ze verblatzen, vun de Kollegen, dem Chef an der Welt vergiess ze ginn.
De Clemens ass ënnerwee an eng wichteg Réunioun, vun der seng ganz Carrière ofhänke kéint. Mä dunn begéint en dem Gerti. Déi eeler Damm huet ganz aner Pläng, an de Clemens geréit an d'Laberenten.
D'Clara steet virun engem Dilemma. Soll hat sech rächen, just well et onverhofft déi Méiglechkeet dozou kritt, oder soll et Matleed weisen?
D'Marie well am Fong just e Bréif fortschécken, mä aus dësem banale Geste gëtt eng Erausfuerderung, e Bierg méi héich wéi de Mount Everest.
En Aachtdausender huet och d'Sophie am Viséier, mat Alpinismus huet dat awer näischt ze dinn...
Oder de Leo, dee vu sech seet: Mit der Befruchtung der Eizelle war meine Zukunft besiegelt. Wird es ein Junge, übernimmt er die Bahn, wird es ein Mädchen, kann sie an der Kasse arbeiten, sagte Hans Lederer zu seiner Liesel Lederer als sie schwitzend nebeneinander lagen.
Déi 8 Personnagen reagéiere ganz ënnerschiddlech op déi Zwäng deenen si ausgesat sinn. Resignatioun oder Rebellioun? Op d'mannst dat kënne si nach selwer decidéieren...
Mat hirem éischte Buch "Exit Schattenkopf" hat d'Anja Di Bartolomeo schonn 2011 op sech opmierksam gemaach. D'Iddi fir "Chamäleons" ze schreiwen ass éischter spontan komm.
Aarbecht, Famill ënnert een Hutt kréien an dobäi och nach ënner Zäitdrock schreiwe mussen! Keng ganz einfach Konditiounen fir e literarescht Wierk ze verfaassen! Dem Resultat mierkt een dat awer net un. „Chamäleons“ bestécht duerch déi präzis a phantasieräich Sprooch an natierlech d’Personnagen déi esou detailléiert gezeechent sinn, dass se de Lieser net méi lassloossen. Iwwregens, déi nächst Kuerzgeschichtesammlung vun der Anja Di Bartolomeo ass schon an der Maach.
"Chamäleons" vun der Anja Di Bartolomeo ass am Verlag "Op der Lay" erauskomm

© RTL/Bea Kneip