
© Caraïbéditions
E karibesche Krimi vun engem Lëtzebuerger Auteur. De Gaston Zangerlé hëlt seng Lieser mat op d'Guadeloupe.
An eiser Lecture vun heiheem huele mer Iech haut emol mat an d’Karibik. Wann der also e bëssen tropesche Vakanzeflair sicht, dann huet d’Bea Kneip dee richtege Buchtipp fir Iech: „Karukéra Gang“ e karibesche Krimi vum Gaston Zangerlé.
Als Journalist, Editeur, Auteur vu Kannerbicher oder Bicher iwwert de Vëlosport kennt een de Gaston Zangerlé scho méi laang. Dass en och Krimie schreift, dat ass nei! Säi Krimi-début ass op Franséisch geschriwwen, dréit den Titel „Karukéra Gang“ a spillt zu Calais an op der Guadeloupe. Op béide Plazen kennt de Gaston Zangerlé sech gutt aus, op der Guadeloupe war en ëmmerhin scho 40mol.
Zu Calais fänkt alles un, mat engem Selbstmord dee keen ass…Den Dirk Vanbroeck, Direkter vun der Firma Ship-Inter hänkt un enger Lanter an der Cité Europe. Dem Commissaire Bernard Kowalski a senger Mataarbechterin Geneviève Friand gëtt séier kloer, dass hien net fräiwëlleg aus dem Liewe gaangen ass. D’Spur féiert an den Drogemilieu. Den Haaptverdächtegen ass allerdengs net méi opzefannen…bis en Uruff aus der Karibik kënnt. Fir hir Enquête weiderzeféieren, mussen de Bernard an d’Geneviève op d’Guadeloupe fléien…an et bleift net bei dem enge Mord…
Karukéra Gang ass e Krimi mat ganz vill Lokalkolorit, enger liicht verdaulecher Handlung an enger Prise Love-Story. Et kann ee verstoen dass déi zwee Flicen vun der niwwleger Cote d’Opale sech op der tropescher Karibikinsel séier wuelfillen.
Als franséischt département d’outre mer gehéiert d’Guadeloupe jo zur EU. Erauskomm ass d’Buch bei Caraïbéditions. An déi Zesummenaarbecht wäert och nach weidergoen, zwee wieder Krimien sinn an der Maach. An dem nächsten, dee fir August 2019 geplangt ass, verbënnt den Auteur dann seng Virléift fir Krimien mat senger Passioun fir de Vëlosport. Dem Duo Kowalski/Friand hiren zweete Fall dréint sech em den Tour de Guadeloupe, souvill war scho gewuer ze ginn.
"Karukéra Gang" vum Gaston Zangerlé ass beim Verlag Caraïbéditions erauskomm.

© RTL/Bea Kneip