
© Op der Lay
De Commissaire Robert Mathieu dierft de Krimi-Frënn ënnert Iech keen Onbekannte sinn. Zënter 2006 léist de Beamten vun der Police judiciaire ëmmer nees komplizéiert Kriminalfäll déi e meeschtens iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg erausféieren. "Damit die Nacht vergeht" dat ass den Titel vum neitste Roman. Wou et dës Kéier higeet a woumat de Commissaire Mathieu konfrontéiert gëtt, doriwwer huet d'Bea Kneip sech mam Auteur Marco Schank ënnerhalen. Ausserdeem gëtt et nach eng Invitatioun fir e Café Littéraire zu Déifferdeng.
"Flucht aus Syrien" dat ass den Titel vun engem ganz dramateschen éischte Kapitel an dem mer eng vun den Haaptpersounen, déi syresch Doktesch Faizah Al Sayed kenneléieren. Wéi si zesumme mat hierer eenzeger Iwwerliewender Duechter Sahar zu Lëtzebuerg ukënnt, huet si nach keng Ahnung, dass si géint hiere Wëllen an eng Affär vun illegalem Waffenhandel an Terrorismus wäert eragezu ginn, an dobäi a Liewesgefor geréit. Och de Commissaire Mathieu weess net wat hien erwaart wéi matzen an der Nuecht säin Telefon schellt. Den Uruff kënnt aus dem Maroc...Et stellt sech eraus, dass den Armand Muller Kontakt mat enger Fra hat, déi a Wierklechkeet eng international gesichten Terroristin ass, an déi och an dat grujelecht Attentat zu Madrid am Mäerz 2004 verwéckelt war. De Commissaire Mathieu iwwerleet net laang a mécht sech op de Wee op Marrakesch. Mä do gëtt et richteg geféierlech fir hien a seng Partnerin Ulrike Schaeffer.
Kee Wonner, well ouni et an uecht ze huelen, pickt hien an en Harespelnascht, dat vum illegale Waffenhandel. E Milliounegeschäft, bei dem déi Onéierlech net gäre gestéiert ginn...
En Thema iwwert dat leider nëmme seele geschwat gëtt...
Wann een de Roman fäerdeg gelies huet, da kann een sech d'Fro stellen, ob de Commissaire Mathieu domat säi leschte Fall geléist huet...Dat hat de Marco Schank och esou geplangt, mëttlerweil ass en sech allerdéngs net méi esou sécher.
"Damit die Nacht vergeht" vum Marco Schank ass am Verlag Op der Lay erauskomm.
...
An engem klengen Duerf hei vir am Frankräich, am Département Moselle spillen 20 Kuerzgeschichten, déi den Auteur Pascal Wuttke a sengem éischte Buch "L'or du bouilleur de cru" zesummegefaasst huet. Mat "Le chemin du druide" huet en elo en zweeten Erzielband erausbruecht.
Den nächste Méindeg 19ten November ass de Pascal Wuttke iwwregens am ale Stadhaus zu Déifferdeng op Besuch wou en aus sénge Bicher "L'or du bouilleur de cru" an "Le chemin du druide" virliest. Ufank ass um 8 Auer owes, den Entrée ass fräi

Marco Schank / © RTL/Bea Kneip

Pascal Wuttke / © RTL/Bea Kneip