
D’Bank huet déi néideg Mesurë geholl an déi betraffe Persoun direkt vu senge Funktiounen entbonnen.
Wéi d’Spuerkeess matdeelt, goufen déi zoustänneg Autoritéiten iwwer de Fall informéiert. D’Bank géif voll mat der Justiz zesummeschaffen, wärend d’Ermëttlungen nach amgaange sinn.
Bis ewell goufen dräi presuméiert Affer identifizéiert. Dës goufen direkt vun der Spuerkeess kontaktéiert. D’Bank verséchert, datt si déi betraffe Persoune bei de weidere Schrëtt ënnerstëtze wäert an alles dru setzt, fir datt si séier an integral fir de méigleche Schued entschiedegt ginn.
Well d’Ermëttlungen nach lafen, wëllt d’Bank aktuell keng weider Detailer bekannt ginn. Si erënnert och un d’Onscholdsvermuddung: Déi Persoun, géint déi de Verdacht besteet, gëllt bis zu engem anere Beweis als onschëlleg.