Sécherheetslag bei PHPMuss ee sech Suergen ëm déi eegen Donnéeë maachen?

Céline Eischen
Et ass eng Sécherheetslacune, déi an de Medie fir vill Opmierksamkeet suergt. Vill Internetsäiten, och hei am Land, waren eng Zäit net disponibel.
© AFP

Grond dofir war ee Problem an der sougenannter PHP-Programméiersprooch. Och Internetsäite vu Banke waren net erreechbar, muss ee sech also elo Gedanken ëm seng eegen Donnéeë maachen?

D'PHP ass eng effikass Programméiersprooch, déi scho laang géif gutt fonctionéieren. Tëscht 70 an 80 Prozent vun all den Internetsäite weltwäit notzen d'PHP, eleng hei am Land sinn et 6.000 Serveren. Am Fall vu Sécherheetslacunnen, wéi déi vun e Mëttwoch, kënnen d'Donnéeën da mol an déi falsch Hänn geroden, esou de Pascal Steichen, CEO vum Luxembourg House of Cybersecurity:

"Den Internet-Site kann dann a Kontroll geholl gi vun engem Kriminellen an da benotzt ginn, zum Beispill fir iergendwou en aneren unzegräifen oder probéieren, vun do aus an d'Firma eranzekommen an dann Donnéeën ze klauen. Dat heescht, et ass ee Programm, deen halt an deem Sënn elo eng Schwaachstell huet, deen awer net elo op eisem Handy oder op eisem Computer ass, mee deen op de Serveren ass."

De Pascal Steichen gëtt dann och Entwarnung, wat d'Säiten ugeet, déi Transaktioune maachen, wéi zum Beispill den Online-Banking.

"Et betrëfft wierklech den Internetsite, dat heescht, weder Luxtrust nach e Bankesystem. Et betrëfft net de System selwer hannendrun oder d'App, deen elo Transaktioune mécht oder Luxtrust selwer, mee dat ass just hiren Internetsite."

Da ginn et jo och nach d'Online-Akafssitten, wou een d'Donnéeë vu senge Kreditkaarte kann ofspäicheren, fir méi séier akafen ze kënnen. Un déi Donnéeë kéinten déi kriminell theoreetesch och kommen, mee dat heescht net, datt déi och kéinte Sue klauen.

"Wann déi Säit kompromettéiert ass, wann déi PHP benotzt, da kéint de Kriminellen eventuell déi Informatioun liese goen. Dat heescht awer net, dass en dann eng Transaktioun ka maachen, dass en da Sue ka klauen direkt. Mee en huet einfach d'Informatioun, wéi wann en Är Kaart géif aus der Täsch klauen. An da mussen natierlech herno nach vill aner Saache geschéien, ier Sue verluer ginn."

Esou Sécherheetslacunne géifen dann ëmmer nees opdauchen. Ulafstellen, wéi hei am Land d'House of Cybersecurity, kréien dann esou Fäll gemellt an da ginn Updates ausgeschafft, fir de Problem ze behiewen. Aussergewéinlech war deemno beim Virfall, datt dës Informatioun geleakt ginn ass.

"Iergendee vun deenen, deen et wosst, huet et iergendwéi weidererzielt an do ass et op ee Mol public ginn. An do ass dunn ee riseg groussen Drock entstanen op PHP, fir deen Update do ze maachen. Mee wann den Update bis do ass, dann ass u sech Business as usual."

Et géif also kee Grond zur Panik ginn, verséchert de Pascal Steichen, bis elo hat een nach keng grouss Cyberattack gesinn, et géif een d'Situatioun awer weiderhin am A behalen.

De Pascal Steichen ass dann och den Owend Invité am Journal op der Tëlee, fir weider Explikatiounen ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO