Opzeechnungen a Fotoen aus dem Iran, vum Guy Helminger

Et ass e Staat vun dem ee jo geleeëntlech an den Neigekeeten héiert, meeschtens am Zesummenhang mat politeschen Onrouen, ekonomesche Sanktiounen oder engem ëmstriddenen Atomprogramm. Mä eigentlech  wësse mer wéineg iwwert dat Land an dem eng vun den eelste Kulture vun der Äerd entstaanen ass. De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger ass 2007 am Kader vun engem Austauschprogramm an den Iran geflunn, an huet elo seng Erfahrungen an engem Buch festgehalen. D'Bea Kneip huet sech mat him iwwer "Die Allee der Zähne" ënnerhalen.

Die Allee der Zähne

Wat fällt engem an wann den Iran ernimmt gëtt? De Sträit ronderëm den iraneschen Atomprogramm villäicht, oder wann een sech fir Geschicht interesséiert, dat antikt Räich vun de Perser, déi legendär Stad Persepolis, de Schah oder déi islamesch Revolutioun vun 1979. Dass d'Haaptstad Teheran heescht, dass déi meescht vun de ronn 80 Milliounen Iraner sech zum schiiteschen Islam bekennen an dass Farsi hir offiziell Sprooch ass, och déi Fakte si bekannt, si hëllefen eis awer net wierklech fir Land a Leit besser ze verstoen. De Guy Helminger war virun 10 Joer do, fir do dem perseschen Auteur Amir Cheheltan ze begéinen. D'Tagebuch vu senger Rees ass elo a Buchform erauskomm.
Op 128 Säiten an illustréiert mat ville Fotoen, erzielt de Guy Helminger vu sengen Erfahrungen a virun allem vun de Mënschen deenen hie begéint ass, an déi dacks d'Gespréich gesicht hunn.
D'Liewen am Iran ass  vu Géigesätz gezeechent. Déi vill Regelen a Verbueder déi mol méi large, emol méi streng gehandhabt ginn, an dat permanent Gefill vun Onsécherheet dat dëst mat sech bréngt.
Das Regime pendelt zwischen hartem Durchgreifen und einem einschläfernden Laissez-faire hin und her. Das Volk im Ungewissen zu lassen ist Strategie. So treibt das Regime ein Spiel mit der Angst.

Mat "Die Allee der Zähne" féiert de Guy Helminger seng Lieser hannert de Riddo vu Virurdeeler a festgefaasste Meenungen a gëtt en eenzegaartegen Abléck an den Alldag vun den Iraner. E Land dat et sécher derwäert ass, dass een sech domat beschäftegt, sech fir seng Geschicht, seng Kultur a seng Mënschen interesséiert. Ganz vir am Buch fënnt een iwwregens en Zitat aus dem Roman "iranische Dämmerung" vum Amir Hassan Cheheltan wou en dëst schreift: "Politik ist eine vorübergehende Angelegenheit."

"Die Allee der Zähne" vum Guy Helminger ass am Verlag Capybarabooks erauskomm.

© RTL/Bea Kneip