"Vom ganz normalen Irrsinn in der bayrischen Provinz" sou resuméiert de Verlag Capybarabooks deen éischte Roman vun der Anja Di Bartolomeo

Fir hiert Romanmanuskript “Wundholz” huet d’Anja Di Bartolomeo d’lescht Joer den 3te Präis am Nationale Literaturconcours kritt. D’Erzielung suivéiert eng ganz Rëtsch skurril Personnagen a bréngt se op de leschte Säiten zu engem spektakuläre Showdown zesummen. Hiert Doheem ass déi fiktiv Bayresch Uertschaft Södelstetten an der de Buergermeeschter sech wéi eng Art Diktator opféiert...

Am Interview erzielt d’Anja Di Bartolomeo wéi de Roman entstanen ass a firwat en ausgerechent a Bayern spillt. Dernieft schwätzt si iwwert hir literaresch Aarbecht, hir Hochzäit déi si matzen am Confinement gefeiert huet a wéi et ass wa béid Partner an enger Koppel Schrëftsteller sinn.

"Wundholz" vun der Anja Di Bartolomeo
RTL