
An dësem Gedichtband beschäftegt sech d'Ulrike Bail mam Thema Bitzen.
D’Invitée an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem ass d’Ulrike Bail. Fir d'Manuskript vun hirem Gedichtband "statt einer ankunft" krut si 2020 den éischte Präis am nationale Literaturconcours. An hirer leschter Publikatioun mam Titel "Wie viele Faden tief" beschäftegt d'Dichterin sech mat engem ganz speziellen Thema, nämlech mam Bitzen.
Och wann een net bitze kann: am deegleche Liewen benotze mir alleguer eng Hellewull Wierder déi mam Bitzen ze dinn hunn. D'Thema zitt sech souzesoen wéi e roude Fuedem duerch d'Liewen an och duerch dëse Gedichtband vun der Ulrike Bail.
D'Terminologie vum Bitzen reecht eriwwer an all Beräicher vum Liewen, an dowéinst geet et an der Ulrike Bail hire Gedichter och ëm all méiglech Themen. Wousst Dir zum Beispill, dass ee mat Bitzmaschinnen och Musek maache kann? Oder, dass Kleeder „kräische“kënnen? Dat, a villes méi, huet d'Ulrike Bail am Interview verrooden.
„Wie viele Faden tief“ vun der Ulrike Bail ass am Conte Verlag erauskomm
