E Buch dat als eng "opreegend philosophesch Rees" beschriwwe gëtt...dat riskéiert langweileg ze ginn! Ganz am Géigendeel, mengt d'Bea Kneip, dat sech beim Liesen vum Markus Orths sengem neie Roman net nëmme köstlech ameséiere konnt, mä och vill Denkustéiss dora fonnt huet. Hei ass eist Buch vun der Woch mam Titel: "Picknick im Dunkeln"

Diese Dunkelheit, diese alles verschlingende, vollkommene Dunkelheit: Wohin er sich wandte, Stanley sah nichts. Er hatte keine Ahnung wo er sich befand und wie er hergekommen war

Dësen éischte Saz beschreift schonn d'Situatioun an der déi zwee Protagonisten sech erëmfannen. Eng Situatioun déi natierlech reng fiktiv ass, d'Protagonisten sinn awer keng erfonnte Personnagen. De Stanley, dat ass den Arthur Stanley Jefferson, besser bekannt als Stan Laurel, oder, op gutt Lëtzebuergesch, den Dënnen. Begleet gëtt en a séngem Misère vun engem korpulenten Här, allerdengs ass dat net säi langjäerege Filmpartner Oliver Hardy. Dee Kierper iwwert deen de Stanley am Däischteren wuertwiertlech trëllt, gehéiert dem Thomas vun Aquin, deem berümte Philosoph aus dem 13te Jorhonnert. 700 Joer Weltgeschicht leien tëscht deenen 2, domat ass et och net weider erstaunlech, dass den Thomas vun Aquin mam Numm Stan Laurel fir d'éischt emol näischt ufänke kann. Trotzdeem decidéieren si hiere Wee duerch d'Däischtert vun elo un zesummen ze maachen, Wouhir kommen si, a wouhinner ginn se? Op déi fundamental Froen gëtt et virleefeg keng Äntwert. Iwwerdeems se an dem däischteren Tunnel ee Fouss virun deen anere setzen, ënnerhale si sech.Iwwert hiert Liewen, hir Famillen, den Doud, Philosophie, iwwer Bicher a Fimer an, net zu Lescht, iwwert d'Laachen.

Im Gegensatz zu ihnen, Thomas, finde ich keinen höheren Sinn im Leben.Und deshalb lache ich. Über die unerklärliche Vergeblichkeit meines Tuns auf Erden. Vielleicht, Thomas, sind das alberne Lachen und der Glaube nur zwei Weisen sich dem Unerklärlichen zu nähern. 

Gëtt et eng Luucht um Enn vum Tunnel? A, wa jo, wou kënnt se hier? Dëst "Picknick im Dunkeln" ass e Galadinner fir de Lieser deen sech drop aléisst. Sou skurril d'Ausgangssituatioun och ass, sou gutt fonctionnéiert dat, wat de Markus Orths draus mécht. "Eine urkomische und todernste Geschichte über die grossen Fragen des Lebens", sou heescht et am Klappentext, a genee dat ass et och.

"Picknick im Dunkeln" vum Markus Orths ass am Hanser Literaturverlag erauskomm.