An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm dat neit Buch vum Nico Helminger.

E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra, mat där iergendeppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter, déi hie besser gehat hätt einfach ze ignoréieren... an d'Fro wéi hien eigentlech an déi Situatioun komm ass an der hie sech elo erëmfënnt. Ass hien einfach esou an de Koma gefall... oder iere gestouss ginn?

A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematographesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet.

Podcast Lecture vun heiheem: "Kappgras" vum Nico Helminger

"Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm

Ausbléck: 
"Das Geräusch der Stillleben", den neien Erzielband vum Nico Helminger sengem Brudder, dem Guy Helminger, ass d'Thema vun der nächster Episod vun der Lecture vun heiheem.