
Dat lénkst Fuerwierk wier zesummegebrach, heescht et am Facebook-Post vun der Cargolux. Et ass kengem eppes geschitt. Et ginn awer Ermëttlungen an d'Weeër geleet, fir erauszefannen, wat genee geschitt ass.
Aus Precautiounsgrënn huet d'Cargolux decidéiert, fir hir Boeing-Flott virun den nächste Flich ënnert d'Lupp ze huelen. Sécherheet géing der Cargolux hir héchst Prioritéit sinn.