
E Freideg an der Mëttesstonn ass e Brand zu Esch ausgebrach, deen eng gréisser Dampentwécklung mat sech bruecht huet. Deementspriechend ass och zimmlech séier eng Warn-SMS un d'Awunner an der Regioun erausgaangen, dass se Fënsteren an Diere sollen zouloossen.
RTL-Informatiounen no war et e Gaardenhaischen, dat gebrannt hat. D'Feier ass mëttlerweil geläscht an et ass och kengem eppes geschitt. D'Feier ass och net op aner Gebaier iwwergaangen.
Am Gaardenhaische solle sech och zwou Gasfläsche befonnt hunn. Ob déi dem Feier standgehalen hunn, wësse mer aktuell net.