© Op der Lay
Am éischte Band vun der Serie "De Rescht vun der Geschicht" hëlt de Marc Angel seng Lieser mat an d'Zäit nom Klëppelkrich.
Pressetext vum Verlag "Op der Lay":
Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer virdrun huet de Buergermeeschter vun engem klengen Duerf un deem Opstand géint d‘Truppen vum Napoléon deelgeholl, deen ënnert dem Numm Klëppelkrich (guerre des gourdins) an d‘Geschicht goung.
An der Tëschenzäit huet hien sech ëmgedréit fir sech der neier Muecht z‘ënnerwerfen. Wann d‘Fransouse vu senger Vergaangenheet sollte gewuer ginn, géif dat fir hien d‘Guillotine bedeiten.
Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng zwee Gesellen, awer e fréiere Waffenkolleeg, deen am Bësch verstoppt lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.
„Här a Meeschter“ ass den éischte Band vun der Serie De Rescht vun der Geschicht…, déi vu bekannte lëtzebuerger BDs-Auteure geschriwwen a gezeechent gëtt.
Een zweeten Album ass an Aarbecht a kënnt 2025 eraus.
De Rescht vun der Geschicht… ass dat, wat net an de Bicher steet. Queesch duerch d’Joerhonnerten a queesch iwwer Land geet et ëm Erliefnisser a Schicksaler, déi keen derwäert fonnt huet, opzeschreiwen.
Dofir wësse mer och net, ob se sech genee esou – oder vläicht e bëssen anescht – zougedroen hunn.
"Här a Meeschter"
vum Marc Angel
erauskomm bei Op der Lay
15€
De Gérard Floener huet d'BD gelies, hei säi Reportage:
