
Den US-amerikanesche Schrëftsteller Peter Swanson ass bekannt ginn duerch seng Thriller-Romaner, wéi “Die Gerechte” oder “Die Unbekannte” an dat besonnesch duerch säin Talent fir eng héich psychologesch Spannung opzebauen.
Fir mech ass et dat éischte Buch vum Peter Swanson. D’Protagonistin Kate Priddy war schonn ëmmer neurotesch an ängschtlech. No engem traumateschen Erliefnis ass et ëmmer méi schlëmm ginn. An Kate ass permanent geplot vun Angschtzoustänn an Panikattacken.
D’Onsécherheet vun der Protagonistin spiert ee schonn op den éischte Säiten. D’Kate ass ënnerwee op Boston an Amerika fir do 6 Méint ze wunnen. Hatt huet, selwer iwwerrascht iwwer sech selwer, d’Propose vu sengem Cousin ugeholl mat him d’Wunnengen ze tauchen. Hien kënnt 6 Méint op London fir säin Job an hatt flitt op Boston an der Hoffnung, dass et do d’Chance huet säi Liewen ze änneren a seng séilesch Problemer an de Grëff ze kréien. Sou richteg iwwerzeegt ass et dovunner nach net, mee et gëtt kee Wee méi zeréck.
Knapps zu Boston ukomm, muss Kate mat Schrecken feststellen, dass dem Corbin seng Nopesch, Audrey, dout an hirer Wunneng opfonnt gouf an ermord ginn ass. Dat ass alles anescht wéi berouegend fir d’Kate. A kee weess wat geschitt ass. Op der Sich no Äntwerten, fënnt d’Kate lues a lues eraus, dass säi Cousin Corbin eppes ze verstoppen huet. Hien seet zwar, dass hien Audrey knapps kannt huet, ma wisou leit a senger Wunneng e Schlëssel fir bei d’Audrey eran? Weess hie méi, wéi en zougëtt? Huet hien eppes mam Doud vu senger Nopesch ze dinn? Ass hie vläit souguer deen, deen hatt ëmbruecht huet?
Keng gutt Viraussetzungen fir d’Kate fir säi Liewen ëmzekrämpelen. Hatt geréit ëmmer méi déif an d’Affaire eran a weess net méi, wiem et eigentlech vertrauen kann.
E wichtegen Charakter am Buch ass och nach dem Kate säi Noper vu Vis-à-Vis zu Boston, den Alan. D’Kate fillt sech vun Ufank u vun him sexuell ugezunn. Am Ufank ass den Alan nach sympathesch, mä da mierkt een am Laf vum Buch, dass eppes mat him net stëmmt.
Spannung feelt dem Buch sécherlech net. Allerdéngs brauch een e bëssen vir an d’Buch eranzekommen an och zum Schluss zitt sech d’Geschicht fir mech perséinlech e bëssen ze laang. Et ass knapp a kuerz geschriwwe an engem éischter einfache Schreifstil, sou dass ee schnell doduerch kënnt. Gefall huet mir, dass een ëmmer nees iwwerrascht gouf a wann ee gemengt huet ze wëssen, wien de Märder ass, da gouf een nees enttäuscht an huet missen weidersichen.
Den US-amerikaneschen Schrëftsteller Peter Swanson ass bekannt ginn fir seng Thriller-Romaner, wéi “Die Gerechte” oder “Die Unbekannte”. Dat besonnesch duerch säin Talent eng héich psychologesch Spannung op ze bauen. D’Fabienne Zwally huet säin neit Buch “Alles was du fürchtest” gelies.