
An der RTL BicherLies geet et awer ëm säin neiststent Buch.
“Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten” sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugrëffeg Villercher, mutéiert Mais a kultivéiert Insekten. Dernieft kënnt och eng Galapagos -Deckelsmouk zu Wuert an e gespenstesche Stand-Up Comedian dreift säin Onwiesen. Mä och wann dem Francis Kirps seng Protagoniste meeschtens Déieren oder op d’mannst iwwernatierlech Wiese sinn, geet et letztendlech dach ëm d’Mënschen. De Francis Kirps léisst sech vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip e Lach an de Bauch froen. Ausserdeem huet hien nach e Buchtipp matbruecht, hie setzt sech kritesch mam Bachmann-Präis auserneen an en erzielt, wéini a wou déi nächste Liesunge geplangt sinn. Zum Beispill den 22ste September an der Nationalbibliothéik, wou en sech der nationaler an internationaler Literaturkritik stellt.
7. Am Kräizverhéier: De Francis Kirps


