
Pressetext vun den éditions Schortgen:
De BILL ass e Mupp, dee scho ganz villes kann. Et gëtt do just eppes, wat net geet … An dann?
Ass dat esou schlëmm an ass dat sou dramatesch? Vläicht mécht jo grad dat eise Bill sou sympathesch? E Buch iwwert d’Aneschtsinn, d’Akzeptanz an d’Inklusioun.
Mat QR-Code fir d’Geschicht ze lauschteren.
Vun 3 Joer un
Vum Marc Weydert, Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 mat KRIXKRAX
Bill! - E Mupp dee miaut a sech villes traut
Marc Weydert (Text)
Laure Demontis (Illustratiounen
Editions Schortgen
Hardcover
32 Säiten
ISBN 978-2-919792-86-3
22€

De Bill! gëtt et och an enger franséischer Versioun:
Bill! Un chien doué qui sait même miauler
ISBN: 978-2-919792-91-7
22€