Buch vun der Woch"Bittere Schokolade" vum Tom Hillenbrand

RTL Lëtzebuerg
Den neie Roman vum Tom Hillenbrand an deem e säi Protagonist, de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer, ermëttele léisst.
© KiWi Verlag

2011 ass dat éischt Buch mam Protagonist Xavier Kieffer mam Titel Teufelsfrucht an d’Butteker komm. Och do huet den Lëtzebuerger Kach schonn op eege Fauscht ermëttelt. Dat ass an dem 6. Buch aus dëser kulinarescher Krimiserie aus der Fieder vum Tom Hillenbrand net aneschters. D’Buch huet den Titel „Bittere Schokolade“.

Den Xavier Kieffer, Proprietär an Kach vum Restaurant „Deux Eglises“ hat sech virgeholl seng Jugendléift Ketti Faber net méi wëllen erëmzegesinn. D’Zockerbäckerin huet sech en Numm gemaach an der Welt vum Schockela. Si wëll sech och dofir asetzen, datt den Handel mat de Kakaosbounen méi e faire gëtt.

Wéi d’Ketti den Xavier em Hëllef gefrot huet, konnt hien awer net aneschters wéi bei d’Ketti ze fueren. Begleet gëtt hien vum Pekka Vatanen, engem gudde Frënd vun him, deen net fir déi éischte Kéier an dëser Krimiserie opdaucht. Deen ass Expert an der Agrarwirtschaft an deemno wéi ka säi Wëssen gebraucht ginn.

Erëm zréck zu Lëtzebuerg, kann de Kach dem Ketti awer net méi hëllefen: d’Ketti gëtt ermort a stierft a sengen Ärem an der Stad Lëtzebuerg. Vun deem Moment un ass dem Kach seng Welt komplett op der Kopp.

Engersäits kritt hien duerch déi Geschicht mam Ketti, Problemer mat senger aktueller Frëndin, dem Valérie. Anerersäits
trëfft hien op en Neits op d’Commissaire en Chef Lobato bei der Police. Si léisst hien och des Kéier net aus den Aen. De Xavier Kieffer versicht trotzdem erëm op eege Fauscht ze ermëttelen. Hie wëll onbedéngt erausfannen, wien seng Jugendléift um Gewëssen huet.

Als er schweißgebadet am Gate ankam, hörte er aus dem Lautsprecher über sich bereits die Durchsage: „Passagier Xavier Kieffer, gebucht auf den Air-France Flug 814 nach Kinshasa wird dringend gebeten, sich umgehend zu Gate F30 zu begeben.“
Ob Valérie die Durchsage gehört hatte? Er wusste es nicht. So oder so würde sie ihn vierteilen. Sobald er zurück war, konnten sie meinetwegen zur Polizei gehen und Lobato von den Diamanten erzählen, die er in der Schokolade gefunden hatte und von dem wahren Grund für Kettis Tod. Vorausgesetzt, Valérie redete dann noch mit ihm.

Jo, et geet hei net nëmme méi em Schockela a Mord, mee och em Diamanten. Wat dat eent mat deem aneren ze dinn, gëtt de Lieser no an no gewuer. Hie weess datt d’Ketti iergendeppes erausfonnt huet an datt hatt dowéinst huet misse stierwen. Fir seng Recherchen fiert de Xavier Kieffer op Bréissel, London an och eben an Afrika. Domatter setzt hien och säin eegent Liewen op d’Spill.

Den Auteur versteet et no an no Spannung opzebauen an déi bis un d’Enn oprecht ze halen. Et kritt een eng Réi Iddien firwat ënnert anerem dee Mord geschitt ass. Als Lieser gëtt een do ëmmer Mol erëm ier gefouert, wëll ee mengt datt de Kach endlech op der richteger Spuer ass.

Do dernieft huet den Tom Hillenbrand excellent Recherchen iwwer de den Ubau vu Kakaosbounen an den Kakaohandel gemaach. Do léiert een esouguer bäi an et behält och ee gewëssene Bäigeschmaach wann een an en Stéck Schockela bäisst.

Mir huet et absolut gefall, datt de gréissten Deel vum Buch hei zu Lëtzebuerg spillt haaptsächlech a Clausen an em Gronn. Doduerch kann een sech alles nach besser virstellen. D’Mëschung vun Realitéit an Fiktioun mécht eben dëst Buch spannend a suergt fir Ofwiesslung.

Dëst 6. Buch aus der kulinarescher Krimiserie ass ze recommandéieren. Ech hoffen den Xavier Kieffer ermëttelt weider.

D’Buch “Bittere Schokolade ass am KiWi Verlag erauskomm, dem Kiepenheuer & Witsch Verlag.

Back to Top
CIM LOGO