
Villäicht sidd Dir jo schonn amgaangen Walliss fir an d’Vakanz ze paken. Villäicht sicht Dir jo nach no engem gudde Buch fir matzehuelen? Wa jo, da lauschtert elo gutt no: d’Bea Kneip huet 3 bekannte Lëtzebuerger Auteure gefrot wat si Iech als Buchtipp mat kéinten op de Wee ginn.
.

Mam Roman “Menschenliebe und Vogel schrei” huet d’Nora Wagener 2011 fir d’éischt op sech opmierksam gemaach, fir hiren Erzielband “Larven” gouf si 2017 mam Servais-Präis ausgezeechent. Dernieft ass déi jonk Schrëftstellerin am Theaterberäich aktiv an huet zesummen mam Luc Caregari d’Kannerbuch “Glühschwéngchen” geschriwwen, dat vum Carlo Schneider illustréiert gouf. Mä wéi e Buch, oder Bicher, hunn si an der lescht am meeschte beandrockt?
“Katzengold”, den éischten a bis elo eenzege Roman vun der Birgitta Arens, ass 1982 am Piper Verlag erauskomm.
“Das Zimmer” vum Andreas Maier ass den éischten Deel vun enger grousse Famillesaga an 11 Bänn, erauskomm am Suhrkamp verlag.
Säi literareschen Début huet de Jos Kayser 2017 mat der Novell “Prinzessin Charlotte”. 2018 koumen mat “D’Bomi ass dout” an “De Mann deen ëmmer laacht” zwee weider Bicher vun him eraus.Fir säi Buchtipp fënnt hien zeréck bei ee vun de ganz groussen Nimm vun der däitschsproocheger Literatur:
Nieft “Der Verschollene” an “Der Prozess” ass “Das Schloss” eent vun 3 Romanfragmenter déi de Franz Kafka hannerlooss huet.
D’Novell “Zweemol schwaarze Kueder” ass dat neitste Wierk vum Gast Groeber, dee schonn eng Rëtsch Literaturpräisser gewanne konnt, ënner anerem de Lëtzebuerger Buchpräis 2014 an de European Prize for Literature 2016, dat fir seng Kuerzgeschichtesammlung “All Dag verstoppt en aneren”. Mat séngem Buchtipp hëllt hien eis haut mat an déi däitsch Haaptstad.
“Walpurgistag” vun der Annett Gröschner ass an der Deutsche Verlags Anstalt, kuerz DVA erauskomm.



