
1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdéngs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer säi Virwëtz. War deen Doudege mam Cric um Fouss wierklech just en harmlosen däitsche Journalist, deen e Buch iwwer d’Lëtzebuerger Schwäiz schreiwe wollt? Bei senger Enquête stéisst de Fischbach nees op säin éiwege Géigespiller, de Lacaf, an den Dickweiler Krees ass natierlech och net wäit. Mä de Fischbach beweegt sech op dënnem Äis...
An dëser Episode vum Podcast RTL BicherLies enquêtéieren de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip an natierlech huelen si den Haaptverdächtegen, den Auteur Jean Schoos, an d’Kräizverhéier! Hie verréit hinnen, wou seng Faszinatioun fir Krimien hierkënnt, wéi ee Konzept hannert der Serie “Gudde Gendaarm - béise Gendaarm” stécht, a wat hien als nächst schreiwe wëll, elo wou den Dossier Fischbach ofgeschloss ass.
“Gudde Gendaarm - béise Gendaarm” Mat “Attentat”, dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn.

