Nei um BichermaartDe Kollaborateur

RTL Lëtzebuerg
En neie Roman vum Léon Schadeck

Mir schreiwen d’Joer 1939. Däischter Wolleken um Himmel kënnege schro Zäiten un. Eis däitsch Noperen, déi zanter enger hallwer Dose Joren an engem ideologesche Rassewahn opbléien, hunn decidéiert, hiert “Dausendjäregt Räich” iwwer hir Grenzen auszebreeden. Déi nërdlech State vun Europa sollen deemno an Däitschland integréiert ginn, déi südlech State sollen hallef autonom um Bord vum Räich bestoe bleiwen. Frankräich soll permanent besat a Russland vun däitsche groussbauerleche Famillje besidelt ginn. Domat ass eist Ländche virgesinn, fir vun der Landkaart ze verschwannen. Mä wat kënne mir do dergéint maache mat eise puer Quadratkilometer Fläch an eisen 300 000 Awunner? Et wier jo net déi éischte Kéier, dass mir géifen iwwerfall ginn, mä dës Kéier handelt et sech ëm onberechenbar Figuren, déi do iwwer d’Soen hunn. Mënschen, déi sech net méi an der Realitéit beweegen a sech als nordesch Gottheete gesinn. Soll dat d’Enn vun eiser Natioun bedeiten?An dësem spannende Roman vum Léon Schadeck geet et ëm d’Ereegnesser aus dem Zweete Weltkrich zu Réimech. Mir begéine Resistenzler ‒ Mënschen, déi sech mat Läif a Séil géint de Regime gewiert hunn an esou stännege Geforen ausgesat waren. Zugläich léiere mir Leit kennen, déi mat den Däitsche kollaboréiert hunn. Wat huet dës Mënsche motivéiert?
Beklemmend a realistesch beschreift den Auteur, wéi d’Schicksal säi Laf hëlt ...

De Léon Schadeck gouf 1935 zu Esch/Uelzecht gebuer. Den ausgebilten Elektriker huet de gréissten Deel vu senger Carrière bei der Post verbruecht. No sengen dräi Romaner a franséischer Sprooch (“La Vallée jaune”, 2002; “Jérôme”, 2004; “L’Américain”, 2014) a senge Romaner “Wien dru gleewe muss” an “De Sklawenhiwwel” ass dëst Buch säin drëtt Wierk op Lëtzebuergesch.

Léon Schadeck: De Kollaborateur. Roman. Broschéiert, 112 Säiten, 13 x 20 cm. Präis: 16 €.
ISBN: 978-99959-2-037-1.
An de Bicherbutteker. Och ze kréien iwwer www.editions.lu .

Back to Top
CIM LOGO