
Wéi war dat wierklech, deemools, wéi Nazi-Däitschland eist Ländche besat hat? Dass net all Lëtzebuerger an der Resistenz aktiv war, ass gewosst. Mä wéi eng Ursaach konnt e ganz normale Bierger hunn fir mat den Nazien ze kollaboréieren? A senger neier Erzielung “De Kollaborateur” geet de Leon Schadeck der Fro op de Grond. D’Bea Kneip huet d’Buch gelies.
.
Säi Roman “Wien dru gleewe muss” huet de Leon Schadeck an der Nokrichszäit zu Réimech spille gelooss, do wou hien och seng Kandheet verbruecht hat. An do bleift en och mat sengem neie Buch “De Kollaborateur”. Wéi hunn d’Awunner vun der Muselstiedchen den zweete Weltkrich erlieft, a virun allem, wéi eng Rollen hu si selwer gespillt? Resistenzler, de Bierger deen d’Fauscht an der Täsch mécht, oder Kollaborateur, e Gielemännchen? Zu Réimech, wéi och soss enzwousch, goufen et der enger an der anerer. Mä wie waren déi Gielemännercher, a firwat hunn se déi verhaassten Uniform ugedoen? An dëser Erzielung léiere mer net een, mä direkt zwee Kollaborateure kennen, den Heng an de Jang. Allebéid schaffen se op der Réimecher Gemeng, vum Charakter hir sinn se grondverschidden. Den Heng huet keng Zäit verluer, ass direkt an d’Volksdeutsche Bewegung, an duerno als éischte Réimecher an d’NSDAP agetrueden. Als Ortsgruppenleiter kritt hien dann op eemol Muecht iwwer anerer. De Jang fir säin Deel, weess net vill mat dem brongen Zauber unzefänken, a géif sech am léifste kleng halen. Dat geléngt em awer net, a wéi säi Brudder, den Erny, aus der Wehrmacht desertéiert, geréit de Jang ënner Drock: nëmme wann hie selwer déi giel Uniform undeet, kann e sengen Elteren d’Deportatioun erspueren. Glécklech ass en doriwwer awer net, grad esou wéineg wéi seng Fra...
D’Maggy war net begeeschtert, konnt den éischte Moment seng Enttäuschung net verstoppen, huet dunn awer versicht ze tréischten:
“Déi puer Mol am Joer, wous du dech an der Uniform weist, ginn och nach eriwwer”
“Et huet net eleng mat der Uniform ze dinn. Ob déi am Schaf hänkt oder ob ech se droen, ass esou laang wéi breet. Mee hei geet et haaptsächlech ëm meng Frënn. Wat denken déi blouss? Déi wësse jo net ënner wéi enge Konditiounen ech doranner gerëtscht sinn.”
D’Maggy wousst et nach ze gutt, huet awer näischt geäntwert.
An esou ass et schliisslech komm, wéi et am Jang sengem Schicksal virgesi war. Hie krut eng giel Uniform mat schwaarze Stiwwelen a gouf am Krees vun de Kollaborateuren opgeholl.
Domat ass et awer net gedoen. Et dauert net laang bis hien an en Dilemma geréit, an sech decidéiert am Sënn vun der Resistenz ze schaffen, als eng Zort Duebelagent. Den Heng dergéint ass vu kengem Zweiwel geplot. Wann hie sech Gedanke mécht, dann ass et éischter doriwwer wat mat him selwer geschéie kéint, wann hien ieren op dat falscht Päerd gesat hätt...
Dem Leon Schadeck seng Erzielung baséiert zum Deel op tatsächlechen Ereegnesser, et ginn awer och fiktiv Elementer. Sou stinn de Jang an den Heng repräsentativ fir déi 21 Gielemännercher déi et deemools zu Réimech gouf an déi nach laang net alleguer iwwerzeegten Nazie waren. Déi Gutt op der enger Säit an déi Béis op der anerer, sou einfach ass dat meeschtens net, dat ass d’Conclusioun déi sech opdrängt.
“De Kollaborateur” vum Leon Schadeck ass bei den éditions Saint Paul erauskomm.
