D'Walfer Bicherdeeg 2022Déi 27st Editioun ass vum 19 bis den 20sten November 2022

Bea Kneip
"Vom Wachsen und Wurzeln schlagen" ass de Motto vun dëse Walfer Bicherdeeg

En Donneschdeg gouf an der Maison Dufaing zu Walfer déi 27st Editioun vun de Walfer Bicherdeeg virgestallt. Den 19ten an 20sten November dréint sech zu Walfer alles ëm d’Buch...awer och ëm d’Beem! Dorop bezitt sech de Motto “Vom Wachsen und Wurzeln schlagen”. An dëst Thema spigelt sech och am Programm vun de Bicherdeeg erëm. Dëst Joer kënnt nämlech souzesoen eng nei Hal dobäi: Eng Aussebün, déi mat Lampionen, Blieder a Mulch dekoréiert gëtt an esou e Stéck Bësch an d’Häerz vun de Walfer Bicherdeeg brénge soll. Op dëser Aussebün kréien d’Visiteuren literaresch a musikalesch Performancen gebueden.
Och dëst Joer gëtt et nees eng Autore-Residenz déi an Zesummenaarbecht mat de Cahiers Luxembourgeois organiséiert gëtt. Ënnert dem Motto “Walfer sessions. Literature meets music” stellen d’Nora Wagener an den Antoine Pohu hir Texter vir. Musikalesch begleet gi si vum Pol Belardi a vum Arthur Possing.
An da gëtt och nach e Gebuertsdag gefeiert: De Reenert kritt 150 Joer! Dat gëtt mat enger zeenescher Liesung gefeiert, bei der och eng englesch Iwwersetzung vun eisem Nationalepos virgestallt gëtt (iwwersat vum Jeff Thill)

Och dëst Joer gëtt et nees e Katalog fir d’Bicher-Rentrée, wéi de Präsident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, Ian de Toffoli, erkläert:

De Ian de Toffoli iwwer de Katalog vun der Bicher-Rentrée

Pressekonferenz fir d'Walfer Bicherdeeg 2022
Pressekonferenz fir d’Walfer Bicherdeeg 2022

Och zwou Foto-Ausstellungen kann ee sech bei de Walfer Bicherdeeg ukucken. D’Walfer Foto-Frënn weisen an der Kaffisstuff Impressiounen zum Thema Bësch an d’Fotografin Véronique Kolber huet 4 “arbres remarquables” um Gebitt vun der Walfer Gemeng fotograféiert. Dës Biller kann een sech elo schon virun der Maison Dufaing ukucke goen.

Back to Top
CIM LOGO