
Extrait aus dem Buch:
Dem Josy seng Geschicht huet sech schnell erëmgeschwat. Hien hat tatsächlech schlëmme Bass an deemno wierklech eng Ursaach, fir an der Nues ze wullen.
Mee d’Kanner hunn zanter deem Dag alleguerten dovunner profitéiert, wa si mam Fanger an der Nues erwëscht gi sinn, a behaapt, si géinge grad e wonnerschéinen Diamant an der Nues sichen.
De Joseph Kayser, gebuer 1964, ass duerch Erzielbänn, Novellen a Romaner bekannt ginn. "Den Nuesewullert" ass säin éischt Kannerbuch.
D'Sandra Martins, 1987 gebuer, schafft als fräiberufflech Illustratorin a Kannerbuch-Autorin. Si huet ënner anerem d'Serie "D'Sasha an de Flint" geschriwwen an illustréiert.
"Den Nuesewullert"
Joseph Kayser (Text)
Sandra Martins (Illustratiounen)
erauskomm bei PersPektiv éditions
ISBN 978-2-919838-02-8
32 Säiten
19,50€