
D'Walfer Bicherdeeg ginn dëst Joer den 21. an 22. November organiséiert. Am Kader dovun wäert déi Däitsch Bestsellerautorin Caroline Wahl schonn een Dag virdrun, also freides den 20. November, am Centre Prince Henri zu Walfer aus hirem neiste Buch "1999 Meter über dem Meer" virliesen.
Dat Ganzt ass eng Kooperatioun mam Institut Pierre Werner an ass Deel vum European Authors Day #ReadForReal. Eng europäesch Initiativ, déi d'Freed um liesen an d'Villfalt vun der Literatur feiere soll.
D'Caroline Wahl ass mat Bicher, wéi "22 Bahnen", oder "Windstärke 17" an de leschte Joren international bekannt ginn. Hiert neit Buch "1999 Meter über dem Meer", dat am August dëst Joer beim Rowohlt Verlag eraus komm ass, handelt vun der Protagonistin Samara an hirer Sich no Fräiheet, Identitéit a Selbstbestëmmung.
Méi Informatioune fannt Dir hei.