
E Schrëftsteller huet säin Noper ëmbruecht a probéiert elo engem Psycholog z’erklären wéi et dozou komme konnt, oder, besser gesot, wéi et huet missten dozou kommen. Dat ass den Ausgangspunkt vun “Die Lombardi-Affäre”, dem neie Roman vum Guy Helminger. Op grad emol 136 Säiten kritt de Lieser op androcksvoll Manéier gewisen wéi alles wat iergend eng Kéier iergend enzwousch op der Welt geschitt, mateneen zesummenhänkt. D’Bea Kneip huet sech mam Guy Helminger ënnerhalen.
De Guy Helminger am Gespréich iwwer säin neie Roman
“Die Lombardi-Affäre” vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm.
