
Pressetext vum FGIL-Verlag:
Wëllkomm op der Problemsbourse. Är Bourse fir kleng a mëttelgrouss Problemer.
„Fillt iech bei eis gebuergen, well mir versuergen är Suergen.“ Mat dëse Wierder empfänken d’Probbien hier Clienten op der Problemsbourse.
D’Problemsbourse ass dat éischt Kannerbuch vum Lynn Berchem mat Zeechnungen vum Carlo Schneider, erauskomm beim FGIL-Verlag. Et handelt sech ëm e Liesdrama fir Kanner am Alter vun 10 bis 13 Joer. Opgeholl gouf d’Buch am Studio vum Claude Zeimes, soudatt een net just duerch Liesen, mee och duerch Lauschteren an dës Geschicht andauche kann. Liesbuch, Lauschterbuch an e begleedend Aarbechtsheft maachen et de Kanner doheem, mee virun allem och dem Léierpersonal mat hire Schüler a Schülerinnen am Vieso- a Lëtzebuergeschcours méiglech, sech mat ville Beräicher ëm d‘Thema „Problemer“ auserneenzesetzen.
Et geet ëm eng kuriéis Geschicht, déi sech an der Grondschoul vum jeeweilege Lieser ofspillt. D’Lizzy ass e Meedchen aus dem Cycle 3 an et geet him eigentlech ganz gutt, trotzdeem beklot hat sech iwwer ganz villes a sengem Liewen. Seng Frënn roden him mat all senge perséinleche Problemer op d’Problemsbourse ze goen. „Du gëss ee Problem of an du kriss een aneren amplaz.“ Ganz einfach. Oder net? Déi Saach geet esou laang gutt, bis se net méi gutt geet. Wat genee geschitt, kann een an enger ronn 110 Säite fir sech entdecken.
De ganzen Text ass wéi en Theaterstéck verfaasst, wat d‘Lektür och deene manner geüübte Lieser a Lieserinnen, déi sech gären a laange Beschreiwungen oder kompakten Abschnitter verléieren, méi liicht mécht. „Mäin Zil ass et mat dësem Textgenre Kanner un d’Bicher ze kréien, déi Liesen éischter als ustrengend empfannen. Well esou ee Kand war ech selwer och!“, seet d’Autorin. Déi humorvoll Illustratiounen hëllefen sech nach besser an dem Lizzy säin Abenteuer eranzeversetzen. Zu all Kapitel ginn et Blieder mat Denkustéiss, Rätselen an Aufgabe fir sech méi déif mat dem Thema „Wat ass e Problem fir mech? Wat ass e Problem fir dech?“ ze beschäftegen.
Titel: Problemsbourse - Är Bourse fir kleng a mëttelgrouss Problemer
Autorin: Lynn Berchem
Säitenzuel: 112 Säiten
Verlag: FGIL
ISBN: 978-99959-53-93-5
20€