
An eisem neie Podcast “BicherLies” ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip sech mat dem US-amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle iwwer säi Roman “Hart auf hart” an deem hien d’Phänomen vun der Gewalt an den USA analyséiert.
Ausserdeem interesséieren si sech fir déi mexikanesch an déi mëttelamerikanesch Literatur a stellen Iech eng Rei Auteuren a Bicher aus dëser Regioun vir.
A si huelen de Lëtzebuerger Auteur Tullio Forgiarini an d’Kräizverhéier. Hie steet hinne Ried an Äntwert iwwer säin neie Roman “Céruse”.
1. Vu Kalifornien iwwer Mexiko a Mëttelamerika nees zeréck op Lëtzebuerg



Iwwer dës Bicher gouf am Podcast geschwat:
“Hart auf hart” vum T.C.Boyle (Hanser Verlag) Originaltitel: “The Harder they Come”
“Céruse” vum Tullio Forgiarini (Hydre éditions)

“Bittersüsse Schokolade” vun der Laura Esquivel (Suhrkamp Verlag)
“Pedro Páramo” vum Juan Rulfo
“Bewohnte Frau” vun der Gioconda Belli (dtv)