Nei um Bichermaart"E Kaddo fir d'Fasanemeedche Philippa" Text a Biller: Briony May Smith

RTL Lëtzebuerg
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
© Atelier Kannerbuch

De Fasan Philippa huet d’Päerdsbier vun der Heck op där anerer Stroossesäit immens gär. Mee ëmmer dann, wann et iwwert d’Strooss wëll goen, kënnt en Auto geschoss, deen hatt schrecklech erféiert. Och déi aner Déieren aus dem Bësch wëssen net, wéi se sécher op déi aner Stroossesäit solle kommen.

Bis d’Philippa eng Iddi huet an dem Buergermeeschter e Bréif schreift …

E Billerbuch aus dem Atelier Kannerbuch

Geschriwwen an illustréiert vum Briony May Smith (“De klenge Bier an d’Fréijoer”, “Déi kleng Gäns an den Hierscht” asw.)

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

32 Säiten - Din A4 Format

Eng Déieregeschicht fir Kanner ab 3 Joer.

978-2-919817-02-3

Back to Top
CIM LOGO