BicherLies PodcastEn neie Berlin-Roman a Literatur aus dem Québec

RTL Lëtzebuerg
De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada
© Lynn Berchem

Als “Buch vun der Stonn” hunn de Jérôme an d’Bea de Roman “Arbeit” vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht.

An hirer “Weltbibliothéik” zitt et si dës Kéier a Kanada, méi genee an de franséischsproochegen Deel, also de Québec. Si hu sech an d’quebecesch Literatur eragelies, a sech awer och vun engem Expert berode gelooss. De Sébastien Lefebvre vun der ANEL (Association nationale des éditeurs de livres/Québec éditions) erzielt hinne wéi eng Auteuren et derwäert sinn, dass een sech méi genee mat hinne beschäftegt.

5. En neie Berlin-Roman mam Titel “Arbeit” a Literatur aus dem Québec

Iwwert dës Bicher gëtt an der RTL BicherLies geschwat:

“Arbeit” vum Thorsten Nagelschmidt (S.Fischer Verlag)
Iwwregens: Den Thorsten Nagelschmidt kënnt de 26sten Oktober fir eng Liesung op Lëtzebuerg, hei de Link op seng Websäit mat den Detailer:

Link op de Site vum Thorsten Nagelschmidt“Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik” Nr 279 “hinter der Taverne setzt sich das Universum fort - Neue Literatur aus Québec” zusammengestellt von Michael von Killisch-Horn

Aner Auteuren déi am Podcast ugeschwat ginn: Joséphine Bacon, Marie-Hélène Poitras, David Goudreault, Naomi Fontaine, Marie Uguay, Karianne Trudeau-Beaunoyer

Back to Top
CIM LOGO