Eigentlech ass den Optakt vun de Bicherdeeg ëmmer schonn Donneschdes mat der offizieller Ouverture an der Iwwerreechung vum Buchpräis.
Dëst Joer stoung awer och de Freideg op de Kalenneren vun iwwer 500 Fans vum däitsche Thriller-Auteur Sebastian Fitzek. An en huet net enttäuscht: Dem Fitzek seng Optrëtter si méi wéi nëmme Liesungen: si si richteg Shows an deenen de Public ënnerhalen, erstaunt an natierlech (Thriller oblige) och erféiert gëtt. Zu Walfer hat hie säin neie Roman “Der Nachbar” dobäi. An en huet et sech net huele gelooss, fir all senge Lieser hir Exemplairen ze signéieren, och wann dës Autogrammstonn bis wäit no 11 Auer Owes gaangen ass.
Um Samschde Moien goungen dann d’Halen pünktlech um 10 Auer op. Occasiouns-Bichermaart, Books for Kids an den Espace vun de Professionelle vum Buch: d’Halen hu sech séier gefëllt. Eng 12.000 Visiteure gi sech och dëst Joer nees erwaart. 50 verschidden Evenementer gi gebuede, vu Liesungen, Musek a Literatur op der Aussebün, bis bei Workshops a Shows fir Kanner. 170 Exposanten waarden op déi grouss a kleng Frënn vum Buch.
Walfer ass och ëmmer eng Plaz vun de Begéinungen: jonk Auteuren, déi iwwer eng Formatioun vun der UniPop deen néidegen Know How kruten, fir hir Bicher ze publizéieren; etabléiert Auteuren, déi sech iwwer eng Auszeechnung beim Lëtzebuerger Buchpräis freeën an anerer, déi op der Plaz sinn, fir hir Wierker ze signéieren.
An och prominent Visiteuren, déi souguer e Buchtipp parat hunn: De Buchtipp vum Luc Frieden ass “107 Days” vun der Kamala Harris an dem déi fréier US-Vizepresidentin hir Erënnerungen un hir Wal-Kampagne vun 2024 néiergeschriwwen huet.
Och fir d’Editeuren an Auteure aus der Lëtzebuerger Literaturzeen sinn d’Walfer Bicherdeeg dee Rendez-vous, op deem ee sech trëfft, austauscht an d’Konkurrenz kenneléiert. Dëst Evenement wier net u Wichtegkeet z’ënnerschätzen, esou d’Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press.
„D’Walfer Bicherdeeg sinn immens wichteg, well et wierklech dee Weekend ass, wou mir als Lëtzebuerger Editeure kënnen eis Bicher presentéieren. Wou ee Kontakt huet zum Lieser, wou ee Kontakt huet zum Schrëftsteller. All Mënsch, deen iergendwéi Bicher gär huet, dee fënnt sech hei zu Walfer erëm.“
Och wann et an de Librairië vill Bicher ze kafe gëtt, kritt een op deenen eenzele Stänn zu Walfer oft nach méi eng grouss Auswiel ugebueden a stéisst villäicht op dat een oder anert Buch, wat ee soss néirens fonnt hätt, seet d’Susann Jaspers vu Capybara Books.
„Dat méi breet gefächert Wierk un engem Auteur bei engem Verlag kritt een hei op de Walfer Bicherdeeg ze kafen, ze liesen a mat e bësse Chance och nach eng Dedicace dobäi.“
An net nëmme fir de Verkaf, mee och fir de Feedback vu Lieser wieren d’Bicherdeeg e wichtege Rendez-vous, esou de Marc Binsfeld vun éditions Binsfeld.
„Mir komme mat de Lieser an d’Gespréich a kréien e Feedback a mir kréien e bëssen e Gefill, wat d’Leit iwwert déi ganz Saach denken a wat mer villäicht als nei Projet kënnen ugoen.“