
D’Désirée Nosbusch huet hir Carrière mat 13 Joer beim Radio ugefaangen, hire Succès um klengen a groussen Ecran huet si wäit iwwert d’Grenzen vum Grand-Duché erausgefouert. Sief et als Moderatorin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson, oder an hire Rollen a “Bad Banks”, “Sisi” , “Superjhemp retörns” oder “Capitani”. An hirer Autobiografie gëtt si Abléck an hiert Familjeliewen a schwätzt och iwwer déi manner schéi Momenter an hirem Liewen.
Si war am Kasemattentheater fir hiert Buch virzestellen an huet och dem Michelle Reiter an Dan Spogen en Interview ginn:
“Endlich noch nicht angekommen” Désirée Nosbusch