
Eng Bande Dessinée fir d'125 Joer vun der FGIL ze feieren
Dës Bande Dessinée ass am Optrag vun der FGIL, der Fédéreation Générale des Instituteurs Luxembourgeois, entstanen, déi 2025 hir 125 Joer feiert. Amplaz déi klassesch Brochure mat vill Fotoen an offiziellen Texter fir déi Geleeënheet erauszeginn, gouf decidéiert, méi eng originell Publikatioun erauszebréngen, a Form vun enger Bande Dessinée.
Iwwert 78 Säite gëtt hei d’Geschicht vun engem jonke Schoulmeeschter erzielt, deen an engem Duerf am Weste vu Lëtzebuerg an den 1930er Joren ee frësche Wand an d’Schoul bréngt. Dovun ass awer nach laang net jiddwereen am Duerf begeeschtert. De Marc Angel huet dofir historesch Faiten opgegraff, déi et an där Géigend zu där Zäit wierklech goufen, a just d’Nimm geännert, respektiv d’Duerf anonymiséiert, datt d’Geschicht sech wéi eng Fiktioun soll liesen.
Déi Geschicht erzielt och net nëmmen eppes iwwert d’Liewe vu Léierpersounen, a mat wéi enger Problemer déi och heiansdo am privaten ze kämpfen haten, se weist och, wéi wéineg sech eigentlech an deene knapp 100 Joer déi zanter deem wat am Buch erzielt gëtt vergaange sinn, geännert huet, ënnert anerem wann een d’Geschlechterrolle kuckt. An datt d’Gesellschaft sech am allgemengen op verschiddene Punkten an där Zäit net wierklech weider entwéckelt huet.
Dat ass e roude Fuedem am Marc Angel senge Bande Dessinéeën, wou hien ëmmer probéiert een aktuelle Kontext mat afléissen ze loossen.
Hien erzielt an dësem Buch eng Geschicht iwwert Zivilcourage, a wiert sech och mat senge Moyene géint Hypokrisie, déi een a ville Schichte vun der Gesellschaft erëmfënnt, aus wéi engem Grond och ëmmer.
Datt dofir Léierpersoune gewielt goufe läit och dorun, datt och si sech am Laf vun der Geschicht ëmmer nees fir Demokratie agesat hunn, zum Beispill wéi si sech 1937 géint dat sougenannten Maulkuerfgesetz zu Lëtzebuerg gewiert hunn, a mat dozou bäigedroen hunn, datt dat verhënnert gouf.
“Ongeschriwwe Gesetzer” ass u sech eng Commande. Mä schonn direkt am éischte Bild erkennt een, datt den Auteur sech net mat enger einfacher Commande wollt zefridde ginn, mä seng perséinlech Nout mat afléisse léisst. Well an deem Bild gesäit een d’Kueben, déi och schonn am éischte Band vun der Serie “De Rescht vun der Geschicht” mam Titel “Här a Meeschter” eng Roll gespillt hunn.
D’Buch ass zwar fir den 125. Anniversaire vun der FGIL erauskomm, mä riicht sech net just u Léierpersounen. Jiddwereen, dee sech fir déi Grouss an déi Kleng historesch Evenementer an der Lëtzebuerger Geschicht interesséiert, kënnt mat deem Buch op seng Käschten.
D’Buch kënnt Dir fir 20 Euro an de Librairien oder online um Site vun der FGIL kafen.