
Dat eent Buch enthält e puer liicht geckeg mini Geschichten, ass also ideal fir virum Schlofegoen. Dat anert Buch thematiséiert Brëller op eng spilleresch Aart a Weis ... Nach eng kleng Geschicht ... an da séier an d’Bett!
Wie kennt dat net: All Owend wëllen d’Meedercher eng Geschicht erzielt kréien. “Nach eng! Nach eng Geschicht!”, ruffe si dann. “Nach eng kleng Geschicht an da séier an d’Bett!”, seet d’Marion. An d’Marion erfënnt da ganz geckeg Erzielungen, an där si d’Heldinne sinn.
Dräi geckeg erzielt a geckeg illustréiert mini Geschichte virum Schlofegoen – dat perfekt Buch, fir den Dag op eng witzeg Manéier ofzeschléissen ... an dat ouni vill Zäit ze verléieren, well d’Geschichte si super kuerz, super lëschteg, super verréckt ... a super léif!
Marion Gandon a Laurent Simon
Nach eng kleng Geschicht ... an da séier an d’Bett!
Kremart Edition, ISBN 978-99959-39-91-5, 80 Säiten, 15 Euro

Dee klenge Bier brauch e Brëll
Brëlle si sou cool! A si peche sou gutt! Nom Succès vum Buch “Blosen, tréischten, Plooschter drop” mat fënnef Spill-Plooschtere kënnt elo en neit Buch mat fënnef Spill-Brëller: “Dee klenge Bier brauch e Brëll”. Mä de Brëll vum Hond ass him ze faarweg an dee vun der Maus gesäit ganz butzeg aus. Dofir weess de Bier: “Ech muss een eegene Brëll kréien!” Déi jonk Lieser kënnen dem Bier dobäi hëllefen!
Déi fënnef lëschteg Brëller am Buch kënnen einfach opgepecht an nees erausgeholl ginn. D’Spill-Brëller pechen op glaten Uewerflächen a sollte si eemol voller Fuseme sinn, einfach duuss mat kalem Waasser ofwäschen, duerno peche se nees. E grousse Spaass fir en onkomplexéierten Ëmgang mam Thema Brëll.
Bernd Penners a Christine Faust:
Dee klenge Bier brauch e Brëll – Mat fënnef lëschtege Spill-Brëller Vivi Kremart by Kremart Edition, ISBN 978-99959-39-94-6, 14 Säiten, 12 Euro