Nei um BichermaartIert ech et vergiessen Vun engem Pechvull, dee Gléck am Liewen hat

RTL Lëtzebuerg
Vum Fränz Schneider
© Editions Schortgen

Pressetext vun den editions Schortgen:

Am Laf vun engem Liewe sammelen sech Geschichten un. E puer si lëschteg. Anerer éischter absurd.

An e puer kann ee selwer kaum gleewen, och wann een dobäi war.

An Iert ech et vergiessen erzielt de Fränz Schneider vu genee esou Momenter. Kleng Episoden aus engem Liewen, dat heiansdo anescht verlaf ass wéi geplangt, mat vill Selbstironie an engem
Bléck fir déi komesch Detailer vum Alldag.

14 Geschichten aus dem Liewen

De Fränz Schneider ass zu Lëtzebuerg gebuer a lieft och do. A sengem éischte Buch Iert ech et vergiessen erënnert hien sech u méi a manner lëschteg, heiansdo spannend an heiansdo absurd Momenter aus dem Liewen. Mat vill Selbstironie an engem Bléck fir déi kleng Detailer erzielt hie vun sengen „e bëssi“ anere Reesen an deem, wat d’Liewen engem esou bréngt.

Iert ech et vergiessen Vun engem Pechvull, dee Gléck am Liewen hat
Text a Fotoen: Fränz Schneider
Illustratiounen: Marc Jost
erauskomm bei: éditions Schortgen
ISBN 978-2-919792-92-4
Sprooch: Lëtzebuergesch
148 Säiten
24€

Back to Top
CIM LOGO