
Dem Lilli säi gréisste Wonsch war et, datt hatt eemol d’Leit esou géing erféieren, dass si hiert Liewe laang géinge Gespenster fäerten. Seng Eltere ware sech awer ganz sécher, dass dat net kéint klappen, well d’Lilli einfach ze léif ausgesinn huet. Hatt hat en décke Bauch, e klenge Kapp an zwee grouss schwaarz Aen. Hatt war wierklech fir ze knuddelen.
Text: Jeff Herr
Illustratiounen: Sabrina Kaufmann
Drock: Editions SNE s.à.r.l.
ISBN: 978-2-9199485-6-7
13€
www.herrjeff.lu