Vältesdag an der KulturfabrikLiteratur(en) Made in Luxembourg

RTL Lëtzebuerg
E literareschen Owend mat neien an onverëffentlechten Texter vu 6 Lëtzebuerger Auteuren.
© Kulturfabrik

Haut ass Vältesdag, den Dag vun der Léift, a wien op dem Dag gäre seng Léift zur Literatur zelebréiere wëll, dee sollt sech dëse Rendezvous an der Escher Kulturfabrik virmierken: Ënnert dem Titel: “Literatur(en) Made in Luxembourg liese 6 Auteuren aus hiere Wierker. D’Christiane Kremer, d’Elise Schmit, de Jeff Schincker, den Tom Reisen, de Gast Groeber, an d’Susanne Jaspers déi aus eegene Wierker liest, awer och Texter vum Georges Hausemer mat am Gepäck huet. Um Programm stinn Texter op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch déi entweder nei erauskomm sinn, oder eréischt an nächster Zäit wäerte publizéiert ginn. Nieft der Literatur gëtt et och Musek Made in Luxembourg, dat mam Blues-Gitarrist Remo Cavallini.
Haut den Owend um 20h00, den Entrée ass fräi!

.

Back to Top
CIM LOGO