Buch vun der Woch"Mein Jahr mit Dir" vum Julia Whelan

RTL Lëtzebuerg
"Mein Jahr mit Dir" vum Julia Whelan ass beim Penguin Verlag erauskomm.

Mir wëssen alleguer wéi et ass. Dann huet een eppes richteg gutt geplangt an organiséiert an dann leeft et alles, mee net esou wéi een sech et virgestallt huet. Esou ergeet et och der Protagonistin Ella Durran am éischte Roman vun der amerikanescher Schrëftstellerin Julia Whelan.

“My Oxford Year” ass den Originaltitel vum Buch. Ella Durran ass eng jonk ambitiéis an intelligent Studentin aus Amerika, dat ënnert Honnerten ausgewielt gouf fir en prestigiéis Stipendium op der weltberühmter Oxford University an England kënnen unzetrieden. An eppes steet fir Ella fest. Hatt huet e Plang an deen heescht: No engem Joer geet et nees heem, well do waart mäin Dramjob op mech.

Fir mech besonnesch erstaunlech war, wéi detailléiert Julia Whelan Oxford an d’Liewen op der Uni beschriwwen huet. Schrëftstellerin gëtt en Abléck an eng joerhonnertelaang Geschicht - déi vun der Oxford University. Et kritt een en exklusive Bléck hannert d’Kulissen vun Oxford an et kann ee sech virstellen, wéi et muss sinn, fir do kënnen ze studéieren. Wéi sinn Leit, déi do studéieren, wéi eng Traditiounen ginn et an ass et wierklech sou vill méi schwéier, wéi all Mënsch ëmmer mengt.

An der Schrëftstellerin ass dat an mengen Aen méi wéi gelongen. Dat wahrscheinlech och, well si selwer do studéiert huet. Dem Ella säi Frëndeskrees zu Oxford erfëllt all Cliché, deen ech vu Studenten vun Oxford sou hunn. Do gëtt et den éiwege Student a Bicherwuerm, dann gëtt et dem Ella säin engleschen Pendant a seng Konkurrentin, an dann gëtt et nach den immens attraktiven an iwwerhieflechen Fraeschwarm, Jamie Davenport, deen aus enger vun deenen eelsten Famillen aus England kënnt.

An genee an deen, rennt Ella den éischten Owend zu Oxford. Hatt ass alles anescht wéi begeeschtert vun ëm an den Dag drop, muss hatt dunn erausfannen, dass den Jamie säi Professer ass. Lues a lues muss et sech agestoen, dass hien méi ze bidden huet, wéi et am Ufank gemengt huet. Si deelen alle béid eng gemeinsam Leidenschaft, nämlech déi vun der Literatur. An sou kommen sech ëmmer méi no.

Dat kléngt no engem typeschen Liebesroman. Mee sou ass et awer net. Julia Whelan huet et faerdeg bruet, een ëmmer nees z’iwwerraschen. A Situatiounen, wou ee mengt, dass ee genee wéisst, wéi et elo géing weidergoen oder wéi en Personnage elo wäert reagéieren, dann kënnt genee den Géigendeel. Et ass immens clever geschriwwen an och d’Personnagen, d’Ella an den Jamie, veränneren sech am Laf vum Buch. Et mierkt een, wéi zwou staark Perséinlechkeeten ënnerlech mat sech selwer kämpfen. Kee vun hinnen well Kontroll vun sengem Liewen verléieren. Hei gëtt et kee staarken oder schwaachen Partner an der Bezéiung an dat mëscht se sou komplex an gläichzäiteg esou reell. Keng Bezéiung ass einfach an verleeft wéi am Buch. An genee domadder huet Julia Whelan mech kritt.

En plus sinn ech als Literaturfan immens begeeschtert iwwert de Schreifstil gewiergt. Muncher een géing en sophistiquéiert an intellektuell fannen. Mee genee dat passt zum Dekor - Oxford, d’Elite-Uni. An dat war fir mech d’Kiischt op der Taart. Deelweis poetesch sinn d’Sätz geschriwwen an et mengt ee bal et géing een en Gedicht liesen. Fir mech e super Buch, dat aus dem Cliché vum typeschen Liebesroman ausbrécht an awer eng Libesgeschicht erzielt, déi et net nach emol gëtt.

Mir wëssen alleguer wéi et ass. Dann huet een eppes richteg gutt geplangt an organiséiert an dann leeft et alles, mee net esou wéi een sech et virgestallt huet. Esou ergeet et och der Protagonistin Ella am éischte Roman vun der amerikanescher Schrëftstellerin Julia Whelan. Fabienne Zwally huet “Mein Jahr mit Dir” gelies.

Back to Top
CIM LOGO