Nei um Bichermaart"Robin, Robin" Dan Ojari a Mikey Please (Text) Briony May Smith (Biller)

RTL Lëtzebuerg
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel

Fonkelneit Billerbuch a Chrëschtdagsgeschicht: Robin, Robin (Grousst Format)

Geschriwwe vum Dan Ojari a Mikey Please

Gezeechent vum Briony May Smith

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

D’Robin ass e klenge Villchen a gëtt vun enger Mausfamill opgeholl. Hatt wëll näischt méi ewéi esou gutt kënne Grimmele stibitze wéi si … a säi gréisste Wonsch ass et, selwer eng Maus ze sinn. Bis enges Daags, wou hatt erkennt, dass et gutt esou ass, wéi et ass … a genee esou - duerch säin Aneschtsinn - senger Famill am meeschten hëllefe kann.

Eng Chrëschtdagsgeschicht fir Kanner ab 3 Joer.

Bekannt aus dem neie Film vu Netflix : Start 24.11.21

Grousst Format: 31 x 26 cm mat Gold Finish um Cover

32 Säiten

ISBN: 978-2-9599687-7-8

Atelier Kannerbuch: 2021

23,95 €

Weider Detailer op www.kannerbuch.lu

D'Equipe vun Atelier Kannerbuch op de Walfer Bicherdeeg 2021
D’Equipe vun Atelier Kannerbuch op de Walfer Bicherdeeg 2021
© Bea Kneip

Back to Top
CIM LOGO