Nei um Bichermaart "Saudade, I Spoke Your Language" vum Flame Darinov

Bea Kneip
Léift, Sprooch a Literatur, dat sinn déi dräi grouss Themen déi de Flame Darinov an dësem zweesproochege Gedichtband behandelt.
© RTL/Bea Kneip

Eigentlech ass d'Verlagshaus Black Fountain Press op engleschsproocheg Bicher spezialiséiert. Mat dësem aussergewéinleche Gedichtband maache si awer eng Ausnam: Nieft dem Engleschen kënnt hei och déi Portugisesch Sprooch an den Asaz. Sprooche sinn eng Passioun vum jonken Auteur Ognyan "Flame" Darinov. Schonn a senger bulgarescher Heemecht huet hie Franséisch a Spuenesch geléiert, spéider huet hien an den USA an a Schottland studéiert, schreift op Englesch an ass och am Lëtzebuergeschen doheem. Op déi Portugisesch Sprooch ass hien duerch d'Léift gestouss. An dëser Gedichtsammlung trieden déi zwou Sproochen, Englesch a Portugisesch an en Dialog zoueneen. Béid Sprooche gehéieren zwar net zu den offizielle Sprooche vun eisem Land, hunn awer eng grouss Präsenz hei zu Lëtzebuerg.
De Flame Darinov, deen an der Lëtzebuerger Poesie-Landschaft scho laang keen Onbekannte méi ass (hie gouf zum Beispill am Printemps des Poètes 2020 an am Prix Laurence 2022 fir seng Lyrik ausgezeechent) erfuerscht a senge Gedichter net nëmmen d'Léift tëscht zwee Männer, mä villméi d'Léift als universellt Konzept.
"Saudade, I Spoke Your Language" ass säin zweete Gedichtband.

Pressetext vu Black Fountain Press:

Saudade, I Spoke Your Language is a sumptuous, cross-language love story in thirty poems by Flame Darinov. A Bulgarian poet living in Luxembourg and writing in English, Flame is driven by a longing that is both emotional and linguistic. Reminiscing about a transformative period in his life, when he fell in love with a Brazilian man and, through him, with his language, he explores the intimate ties between love, language, and literature. The result is a moving reflection on the role that love and language play in shaping our identities, relationships, and our place in the world

Originally from Sofia, Bulgaria, O. 'Flame' Darinov was born in 1999 and moved to the Grand Duchy in 2017. His passion for literature led him to pursue higher education in Luxembourg, the US, and Scotland. His love of men and languages made him write a lot about same-sex desire. Having taught poetry as an academic subject and a creative practice, Flame works eagerly with different communities of the poetry-passionate. Saudade, I Spoke Your Language is Flame's second poetry collection after his 2022 publication Loose Leaf Poetry (d'Bréck).

© Black Fountain Press

Saudade, I Spoke Your Language
Flame Darinov
erauskomm bei: Black Fountain Press
ISBN 978-99987-713-7-6
74 Säiten
17€

Back to Top
CIM LOGO