
Déi britesch Schrëftstellerin Lucy van Smit hätt schonn Thema genuch fir e Roman, wann se eng autobiographesch Erzielung wéilt maachen. Sie war schonn zimlech alles: Kënschtlerin, Journalistin, Vendeuse an um Enn Schrëftstellerin. Hiert neist Wierk ass am Fong e Jugendroman “The Hurting”.
Am Roman geet et ëm d’Nell Lamb, en englescht Teenagermeedchen, dat mat sengem Papp a senger kriibskranker Schwëster Harper an Norwege lieft. Do wieren d’Behandlungsméiglechkeete besser, kritt d’Nell erkläert, dat awer am léifste géif heemlech zeréck op Manchester, fir Musek ze maachen. Schreiwen a komponéiere leien him. Wou d’Mamm vun de Meedercher ass, wëssen se net. Si huet d’Famill verlooss, wéi d’Nell nach kleng war. Vum streng kathoulesche Papp ass näischt gewuer ze ginn.
De Wee op Manchester ass awer net esou einfach an dann taucht och nach de Lukas op, e ganz eegewëllegen a faszinante Jong, dee mat Wëllef gelieft huet an an deen sech d’Nell ganz séier verléift. De Lukas bréngt et fäerdeg d’Nell esou ze manipuléieren, datt et sech vun doheem lass léisst, sech äusserlech verännert an um Enn esouguer e Puppelche kidnappt.
An dann ass et mattsen an der norwegescher Wildnis, hin an hiergerappt tëscht Verléiftsinn, schlechtem Gewëssen a Kämpf géint sech selwer, seng Gefiller, d’Natur.
Wéi ech d’Buch aus der Lëscht vun de proposéierten neie Wierker fir virzestellen geholl hunn, war ech mer nach net direkt bewosst, datt et sech ëm e Jugendbuch handelt. Dat hunn ech awer zimlech séier gemierkt: um Stil an un der Thematik.
Trotzdeem hunn ech et net aus der Hand geluecht an och keng Säiten iwwersprongen. Dat leit zum Deel un den zimlech ongewéinleche Protagonisten an hire Geschichten. Zum Deel och un der Stëmmung am Buch, déi een tëscht skandinavescher Krimi-Ambiance, mysteriéiser Naturgewalt a verfuerener Gefillswelt hin an hier dreift. Et wier e Melange vun Nordic Novel an Wuthering heights vum Emily Brontë heescht et and er Ukënnegung.
Am leschten Drëttel vum Buch hat ech wuel d’Gefill, datt dat mer mat Momenter dees Gudden e bëssi ze vill wier, mä du sinn ech mer nees bewosst ginn, datt ech jo eigentlech net déi éischt Cible vun der Schrëftstellerin an hirer Geschicht sinn, an datt een als jonke Lieser sécher méi intensiv mat liewen a leide kann.
D’Lucy van Smit trëfft deemno sécher de richtegen Nerv vun engem Jugendroman, ëmmerhin huet se de Bath Children’s Novel Award domadder gewonnen. Si verpaakt vill Aventuréises, villes wat se sécher och schonn emol erlieft huet. Als Journalistin war se ëmmerhin schonn op geféierleche Plazen op der Welt a souz esou guer an der Air Force One vum President Reagan. Fir méi e rouegt Liewen ze féieren, huet se decidéiert, trotz Legasthenie, ze schreiwen.
“The Hurting” soll ee roueg jonke Lieser un d’Häerz leeën.