Buch vun der Woch"Un monde à portée de main" vum Maylis Kerangal

RTL Lëtzebuerg
"Un monde à portée de main" vum Maylis Kerangal ass an der Kollektioun 'Cales' vu Gallimard erauskomm.

An eisem Buch vun der Woch geet et des Kéier ëm Konscht. A méi genee ëm d´Mole vun opteschen Täuschungen. Dem Maylis de Kerangal säi Roman “Un monde à portée de main” weist eng jonk Kënschtlerin, déi hir éischt Schrëtt an der Welt vum Kreeéiere mécht.

No zwee Joer an deenen d´Paula Karst Droit studéiert huet a festgestallt huet, dass dat näischt fir et ass, ass et sech sécher, datt et wëllt molen. An net nëmmen einfach esou fir sech doheem, mä et wëllt richteg léieren, wéi een Dekore moolt. A méi genee wëllt et sech op d´Konscht vun der Illusioun spezialiséieren, nämlech op optesch Täuschungen. Zu Bréissel, wou et sech op der Akademie aschreift, fënnt et séier Uschloss an déi jonk Fra erlieft eng intressant Studienzäit, wärend där et Frëndschafte schléisst, déi eis och duerch déi ganz Geschicht begleeden.

Hiert Zil ass ze léieren, wéi een eppes an zwou Dimensiounen duerzestelle kann, wat vum A an dräi Dimensioune wouer geholl gëtt, mat Sécherheet eng Aufgab, déi op e puer Niveauen net ganz einfach ass. Nieft der zousätzlecher Dimensioun, déi ee muss duerstellen, komme jo och nach esou Voleten, wéi Emotioune wéi Schock oder Erstaunen oder Gléck festzehalen, wat Expertise op ganz ville Gebitter verlaangt an nëmmen mat ganz vill Übung an Erfarung ka perfektionéiert ginn. Wien et allerdéngs beherrscht, ass souzesoen e professionelle Fälscher, dee mat sengem Pinsel esou zimlech alles kann duerstellen. Sief dat Marmer, Beem oder Stoff. Eisen Haaptcharakter, d´Paula, geet jiddefalls ganz an der Konscht op, ergëtt sech an hir an et kéint ee souguer soen, dass et duerch seng Kreatiounen e Stéck vun Onstierflechkeet fënnt.

“Un monde a portée de main” ass e Bildungsroman a weist eis dem Paula säi Wee vun der jonker Studentin, déi alles u Wëssen opsaugt wat se nëmme kréie kann, bis zu enger genialer Creatrice vun opteschen Täuschungen. No der Studienzäit begleede mer d´Paula op Projeten op Roum, op Paräis an op Moskau an d´Geschicht ass och ëmmer fir eng kleng Iwwerraschung gutt.

D´Geschicht liest sech wéinst der präziser a fléissender Erzielweis ganz séier. Wat awer am meeschten ervirstécht, ass de räiche Vocabulaire, mat deem d’Maylis de Kerangal eis praktesch mat Wierder e Bild moolt a genee wéi hiren Haaptcharakter eng Welt moolt. Mir ginn an en ongewéinlechen Universum geheit, deen engersäits ganz verschloss an anerersäits awer immens connectéiert ass zur Aussewelt. De Stil, deen immens visuell ass an op all Detail Uecht gëtt, mécht et engem ganz einfach sech d´Konscht richteg virzestellen an an de Beschreiwungen eng nei Dimensioun vun der Realitéit wouer ze huelen. Ironescherweis muss een dozou soen, well mer awer vun engem Stil schwätzen, dee Saachen duerstellt, déi net wierklech do sinn. Mee wann ee sech dran ergëtt an dat Ganzt einfach op sech wierke léisst, huet ee mat Sécherheet um Roman ganz vill Freed.

An eisem Buch vun der Woch geet et des Kéier em Konscht. A méi genee em d´Mole vun opteschen Täuschungen. Dem Maylis de Kerangal säi Roman Un monde à portée de main weist eng jonk Kënschtlerin, déi hier éischt Schrëtter an der Welt vum Kreéiere mécht. D´Katarina Ivesic huet et fir eis gelies.

Back to Top
CIM LOGO