
Eng Schockdiagnos hat se viru siwe Joer derzou bruecht, iwwer hiert Liewen nozedenken an hir Geschicht »Vill Gléck am neie Joer« ze erzielen. Zënterhier ass fir d’Protagonistin vill geschitt: Dat geet vun der Sich nom perfekte Mann bis hin zum Gespréich mam Dokter a senger Äntwert op d’Fro: »Wéi laang nach?«
TIMBA 22
Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag ISBN 978-2-919781-22-5, 40 Säiten, 4 Euro
TIMBA ass den Nofollger vun der hypererfollegräicher Serie SMART a presentéiert wéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Elo sinn d’Nummeren 20, 21 an 22 erauskomm. D’nächst Joer gëtt d’Serie mat den Nummeren 23 a 24 ofgeschloss.
