
Ënnert dem Motto “Alles außer flach” waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert.
Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteure wéi de Gerbrand Bakker, d’Lize Spit oder d’Gaea Schoeters. An: de Gijs Wilbrink, dee mat sengem Debut-Roman “Tiere” direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem, wat et mat der mysteriéiser Regioun “Achterhoek” op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass.
An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d’Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d’Rees awer net ganz esou wäit!

Iwwer dës Bicher gëtt geschwat:
