Mee 2023: Happy Place - Emily Henry

All zweetleschten Dënschdeg am Mount kënnt Dir live op RTL Radio Lëtzebuerg matspillen an e Bong fir an den Ernster gewannen.
"Moien, ech sinn d’Stéphanie aus der Librairie Ernster zu Nidderkäerjeng . D’Genre wou ech am meeschte liese si meeschtens Fantasy a Romance an der Young Adult an New Adult Kategorie, mee ech liesen awer och gäre Krimi an Thriller Bicher.
Ech hu mir dat neit Buch vum Emily Henry, Happy Place, ausgesicht als Buch vum Mount."
Em wat geet et am Buch? U sech wei den Titel et scho seet geet et em déi Platz wou sech ons Protagonistin Harriet am wuelste fillt. E Vakanzenhaus wou hat a seng bescht Frënn sech all Joers erëmfannen an eng ganz Woch zesumme verbréngen. Dëst Joer ass allerdéngs alles anescht. D’Haus gëtt verkaf an et wäert also dat läscht Joer si wou déi 6 Frënn zesummen an deem Vakanzenhaus verbrénge wäerten. Mee net nëmmen dat. Harriet ass säit Méint net méi mat sengem Verloobten zesummen an et weess keen eppes dovunner. Allen zwee hunn se et nach kengem gesot an och wärend hirem Treffe wëllen si hire Frënn näischt vun der Trennung zielen a maachen esou wéi wann se nach zesumme wieren. Wat awer net sou einfach ass wéi d’Harriet an de Wyn sech dat sou virstellen.
Dat ganzt gëtt zimmlech humorvoll duergestallt an et muss ee bei verschiddene Szeenen och schmunzelen. Soubal een dat éischt Kapitel gelies huet kann een et och net méi op d’Säit leen. Et muss een einfach wëssen op d’Trennung tëschent dem Harriet an dem Wyn opflitt a wei d’Buch ausgeet. “Happy Place” ass och a verschiddene Zäitzone geschriwwen. Eng Kéier an der aktueller Zäit wou d’Frënn sech am Vakanzenhaus zesumme fannen an eng kéier an der Vergaangenheet wou ee méi iwwer d’Harriet an de Wyn gewuer gëtt. D’Buch bleift spannend bis zum Schluss.
Happy Place ass och am däitschen eraus komm an dat am Droemer Knaur Verlag.
D’Buch ass an all Librairie Ernster ze kréien oder bestellt direkt HEI.