D'Rommel Bommel mat Geschichte vum Charlotte Reuter gouf 2023 mam Buchpräis ausgezeechent.

Ernster: Buch vum Mount - Dezember 2023

Paul Ernster: D'Librairie Ernster gouf et virun 1889 schonn als Editeur. Mäin Ururgrousspapp huet deemools nämlech Schoulbicher geschriwwen an editéiert, a spéider  duerch d’Erëffnung vun enger Librairie konnt hien dës och verkafen.D’Bichergeschäft huet sech also réischt no der Editioun entwéckelt an ass awer spéider zu eisem Core-Business ginn. Säit e puer Joer, hu mir awer d’Entscheedung getraff, eis Editioun erëm opbléien ze loossen. Vanessa:

Jo, och wann d’Editioun net eise Core-Business ass, hu mir eis awer em sou méi Gedanke gemaach wéi eng Ligne mir wëlle bäibehalen an op wéi eng Theme mir de Fokus wëlle setzen. Well et der Famill Ernster schonn am Blutt louch, hu mir eis ganz séier op parascolaire Titele spezialiséiert, wéi zum Beispill d’Petit Martin-Serie oder säit neiem d’Serie “A lass! - Mir léiere Lëtzebuergesch”.

Niewend dëser Kategorie, schaffe mir awer och virun allem mat Kannerbicher, wéi zum Beispill d’Buch Rout, Giel oder Blo vum Gilles Kolbet oder D’Rommel Bommel an hir Frënn vum Charlotte Reuter, dat iwweregens dëst Joer och déi grouss Éier hat de Lëtzebuerger Buchpräis ze gewannen.

Wéi ee bei dësen Titelen och feststelle kann, leen mir de Fokus op d’Lëtzebuergesch Sprooch, respektiv de Lëtzebuergesche Bezuch. Dohier ware mir och ganz frou dëst Joer mam Mike McQuaide säin zweet Buch “An American still in Luxembourg” duerfen op de Marché ze bréngen. An all eis Bicher drécke mir souguer zu Lëtzebuerg. Dat ass eis wichteg.

À propos “Lëtzebuergesch Sprooch”, mir hunn eis dëst Joer souguer och u Gesellschaftsspiller erugewot, an d’Spill Muckefuck erausbruecht, dat ganz ronderëm d’Lëtzebuergesch Sprooch, respektiv jéinesch Begrëffer dréint.

Och no 5 Generatioune konnte mir dës Wäerter weider bäibehalen an esou de Lëtzebuerger Bichermarché matgestalten.

Entdeckt all d'Titele vun  der Editioun Ernster oder  bestellt d'Buch vum Mount 2023.