Den Epos vun der Odyssee gehéiert bis haut zu de meescht adaptéierte Wierker an der Literatur-, Theater- a Filmgeschicht. D'Erzielung ëm de Kinnek Odysseus ass warscheinlech am 8. oder 7. Joerhonnert viru Christus vum griicheschen Dichter Homer geschriwwe ginn - a bal 2.800 Joer méi spéit gräift de Christopher Nolan dës Erzielung nees op a bréngt se op d'Leinwand.
Nieft senger opwänneger Inzenéierung féiert de Film duerch déi ganz Welt vun der griichescher Mythologie. Vum Trojanesche Krich bis bei Gottheeten ewéi Zeus oder Kalypso gëtt de Spectateur an eng faszinéierend Welt vun Helden, Muecht a Gëtter gezunn.
An enger vun den Haaptrollen iwwerzeegt de Matt Damon als Odysseus. Nodeems hien zesumme mat senge Männer Troja zerstéiert huet, mécht hie sech op de laange Wee zeréck a seng Heemecht Ithaka. Ënnerwee muss hie sech awer enger ganzer Rei vu Geforen an Hindernisser stellen.
Mat enger Dauer vun 172 Minutten – also bal dräi Stonnen – verlaangt de Film zwar e bëssen Ausdauer. Dem Christopher Nolan geléngt et awer, d'Spannung vun der éischter bis zur leschter Minutt oprechtzehalen. “The Odyssey” iwwerzeegt net nëmme mat enger staarker Besetzung, mee och mat enger aussergewéinlecher visueller Ästhetik.
Gedréint gouf de Film op 70-mm-IMAX-Film, engem analoge Format, dat mat Filmrolle funktionéiert an e wesentlech méi grousst Bild bitt wéi déi meescht klassesch Kinoformater. Weltwäit kënnen nëmmen e puer IMAX-Kinoen dëst Format voll ausnotzen.
"The Odyssey" ass e Kinoserliefnis, wéi een et an de leschte Joren nëmmen nach seelen ze gesi krut. Et sinn déi epesch Geschichten, déi imposant Biller, déi voluminéis Akustik an déi mythologesch Atmosphär, déi de Spectateur komplett an dës Welt andauche loossen.