Film vun der Woch"La Gradiva" vum Marine Atlan

Frank Grotz
Mat hirem éischte Long-Métrage konnt d’Marine Atlan direkt op enger Rei Festivallen iwwerzeegen.
Film vun der Woch: "La Gradiva" vum Marine Atlan
Mat hirem éischte Long-Métrage konnt d’Marine Atlan direkt op enger Rei Festivallen iwwerzeegen.

"La Gradiva" erzielt d'Geschicht vu Schüler, déi op enger Rees an Italien mat hiren eegenen Onsécherheete confrontéiert ginn.

Um Enn vun hirem leschte Joer am Lycée fiert eng Klass mat hirer Latäinproff op Pompeji. Well d'Schüler awer kuerz viru grousse Verännerunge stinn an hier Identitéit an deene verschiddenen Aspekter vum Liewen nach sichen, gëtt aus der Bildungsrees ee grousse Gefillschaos, an deem sech kleng Konflikter a grouss existenziell Froe permanent vermëschen.

De Realismus vun der Sprooch an där "La Gradiva" d'Problemer vum Erwuesse ginn erzielt, ass d'Resultat vun enger intensiver Recherche. Genee wéi beim Casting vun de jonken Amateur-Acteuren hunn d'Marine Atlan, hier Co-Zenaristin Anne Brouillet an d'Casting-Direktesch Julie Sokolowski vill Zäit mat Jugendleche verbruecht, fir dee richtegen Toun ze treffen.

Kombinéiert mat enger intelligenter Billersprooch an de Parallellen, déi sech ëmmer nees tëscht dem Schicksal vun der anticker Stad an der Situatioun vun de Protagonisten erginn, entsteet esou een exzeptionelle Film iwwert een decisive Liewensofschnëtt.

Back to Top
CIM LOGO