Et ass elo scho fir d’sechst, dass dem Jane Austen säi Literaturklassiker „Sense and Sensibility“ verfilmt ginn ass. Dës Kéier huet sech déi Brittesch Realisatrice Georgia Oakley un den Text erugetraut an d’Geschicht vu 4 Fraen déi kuerz virum sozialen Ënnergang stinn nei an awer zäitgetrei op d‘Leinwand bruecht.
Nom Dout vun hirem Papp, stinn d’Margaret, d’Elinor an d’Marianne Dashwood, zesumme mat hirer Mamm virun engem neie Kapitel. D’Haus an deem déi dräi Schwësteren opgewuess sinn, gëtt un hiren Hallefbrudder verierft an d’Fraen musse kuerzfristeg alles zeréck loosse, fir an eng kleng Hütt um Land ze plënneren.

Wat sech doropshin am Film entwéckelt, ass eng typesch romantesch Jane Austen Geschicht, déi ee vun der éischter Sekonn un an e vergaangent Joerhonnert entféiert. De Film verbildlecht den Iwwerliewenskampf vu jonke Fraen zu enger Zäit, an där een ouni Mann net existéiert huet. Et gëtt e ganz konkret mat hiren Ängschten a Probleemer konfrontéiert an awer kënnt ee net dolaanscht déi ganz Geschicht ze romantiséieren. Et ginn eng Rei existenziell Froen an de Raum geheit, déi sech mat der Gesellschaft aus dem 19. Joerhonnert auserneesetzen an déi niewebäi ouni Kitsch an engem usprochsvolle Film vun deck 2 Stonne verpaakt ginn.
Am Mëttelpunkt vum Film steet de Schwësteren hir Sich no engem Mann fir d’Liewen, dee si bestueden well a virum sozialen Ënnergang schütze kann. D’Léift ass dat eenzegt wichtegt an hirem Liewe an d’Hoffnung op en happy end léist d’Frae bis zum Schluss vun der Geschicht net lass.
Sense and Sensibility ass kritesch, echt a genau esou traureg e wéi schéin. Donieft huet de Film eng beandrockend Zeenografie a gëtt duerch eng perfekt schauspilleresch Leeschtung vun der Brittin Daisy Edgard Jones an enger vun den Haaptrollen ënnerstrach. Der Georgia Oakley hir Verfilmung vun der Jane Austen hirem Literaturklassiker ass net einfach eng weider Adaptatioun, wéi anerer. Et ass eng artistesch Kreatioun fir dee grousse Bildschierm, déi de Wee an de Kino definitiv wäert ass.