Film vun der Woch "Minotaure" vum Andrey Zvyagintsev

Frank Grotz
De Film ass ee Remake vum Claude Chabrol sengem Film "La Femme Infidèle" aus dem Joer 1969.
Film vun der Woch; "Minotaure" vum Andrey Zvyagintsev
De Film ass ee Remake vum Claude Chabrol sengem Film "La Femme Infidèle" aus dem Joer 1969.

De russesche Realisateur Andrey Zvyagintsev war grad wéinst enger schwéierer Coviderkrankung an Däitschland a Behandlung, wéi Russland 2022 d'Ukrain ugegraff huet. Doropshin huet hien decidéiert net méi a säin Heemechtsland zeréck ze goen an huet sech am Frankräich installéiert. A sengem neie Film "Minotaure" verbënnt de Cineast eng Kriminalgeschicht mat dëser Ufanksphas vum Krich.

"Minotaure" ass ee Remake vum Claude Chabrol sengem Film "La Femme Infidèle" aus dem Joer 1969. Erzielt gëtt d'Geschicht vum Gleb, engem Firmechef deen e ganz komfortabelt Liewe féiert, bis hien erausfënnt, datt seng Fra eng Affär huet. Frustréiert iwwert ee Bestietnis dat kaum nach ze retten ass, muss hien och nach a senger Firma eng haart Decisioun treffen. 14 vu sengen Employéë solle vun him ausgewielt a fir de Krich an der Ukrain mobiliséiert ginn.

Präzis a schounungslos weist den Andrey Zvyagintsev a sengem Krimi, wéi de russesche Kontext vu politeschem Drock a Korruptioun de Verlaf vun enger Enquête an d'Verhale vun de Verdächtege beaflossen. "Minotaure", deen a Lettland gedréit gouf, erweidert esou gekonnt d'Limitte vu sengem Genre ëm eng politesch Dimensioun. Um Festival vu Cannes gouf dës gelongen Neiinterpretatioun vum Chabrol sengem Film mam Grand Prix ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO