Vum Queen-Frontmann1.000 Objeten, déi dem Freddie Mercury gehéiert hunn, gi versteet

RTL Lëtzebuerg
Wie Suen huet a Fan vum verstuerwene Queen-Frontmann Freddie Mercury ass, kann elo zouschloen.
© AFP

Vun e Mëttwoch den Owend 18 Auer u ginn zu London méi ewéi 1.000 Objete versteet, déi dem Sänger gehéiert hunn.

Ënnert den Hummer komme Kostümer, déi de Freddie Mercury op der Bün unhat, zum Beispill de berüümten “Kinneksmantel” mat roudem Samett a kënschtlechem Pelz, awer och Konschtwierker a Liddertexter, déi op der Hand geschriwwe sinn.

No sengem Doud am Joer 1991 war säi Besëtz a sengem Haus zu London eigentlech net touchéiert ginn. Dem Mercury seng gutt Frëndin Mary Austin huet d’Stee lancéiert. En Deel vum Erléis soll un zwou Stëftunge goen, déi sech an der Lutte géint Aids engagéieren: d’Mercury Phoenix Trust-Fondatioun, déi seng Kolleege vu Queen gegrënnt haten, an d’Fondatioun vum Popstar Elton John.

Back to Top
CIM LOGO